Ee vun zwee Schüler fillt sech net genuch ënnerstëtzt am Lycée
Dat geet aus engem Rapport vum OEJQS ervir, deen den Deputéierten an der parlamentarescher Educatiounskommissioun en Dënschdeg de Moie presentéiert gouf.
Fir déi meescht Schüler ass d’Schoul eng "agreabel Plaz". Déi méi Jonk si ganz frou mat der Schoul an d'Lycéesschüler fille sech gréisstendeels wuel an hirem Gebai. Mä vill Schüler a besonnesch och Enseignantë fille sech midd, schlecht gelaunt a gestresst. An d’Schüler am Secondaire fille sech dacks net genuch vun hire Proffen ënnerstëtzt. Dat si Resultater aus engem Rapport iwwer d’Wuelbefannen an der Schoul vum nationalen Observatoire vun der Enfance, der Jeunesse an der Qualité scolaire (OEJQS). Iwwer 25.000 Schüler a Schülerinnen a méi wéi 3.000 Enseignanten hu bei der Enquête matgemaach, déi allerdéngs schonn am Juni 2021, also matten an der Corona-Pandemie, gemaach gouf.
Et kënnt op den Enseignant un
De Rapport ass en Dënschdeg de Moien den Deputéierten an der Educatiounskommissioun vun der Chamber presentéiert ginn. Déi Gréng haten dat gefrot. Den Observatoire recommandéiert ënnert anerem, datt d’Ausbildung an d’Weiderbildung vun den Enseignantë méi Wäert leet op déi sozial an emotional Kompetenzen. Dat geschitt net genuch, huet d’Francine Closener vun der LSAP kritiséiert. Wann de Schüler keng Loscht huet oder déi verléiert, hätt den Enseignant och dacks keng Iddi méi. Et wier och erschreckend, datt eng Majoritéit vun de Schüler mengt, si géif ganz seelen oder ni Feedback kréie vum Proff. Ee vun zwee géif net genuch Ënnerstëtzung spieren.
"Dat dréit natierlech och derzou bäi, dass wann de Schüler, wann dee keng Loscht méi huet, dann huet den Enseignant nach manner Loscht fir z'enseignéieren. Et ass wierklech en Däiwelskrees, fir deen ze briechen, mengen ech, misst ee vill méi an der Formatioun, an der pedagogescher Formatioun, souwuel vun den Enseignanten am Fondamental wéi awer och bei den Enseignanten am Secondaire, dorobber agoen op déi socio-emotional Kompetenzen. Mir wësse jo, dass den Enseignant deen determinante Facteur ass fir d'Reussite."
Senger wichteger an determinanter Roll misst sech den Enseignant bewosst sinn a se notzen, fënnt och de Ricardo Marques vun der CSV:
"Ech denken, dass de Klima an enger Schoulklass ëmmer méi wichteg gëtt an dass den Enseignant als Leader, als Kapitän vun enger Klass do eng entscheedend Roll ka spillen."
75% vun den Enseignantë soten awer och, si wären e puermol an der Woch oder all Dag midd. Hire Stresslevel gëtt als héich empfonnt. An 79% vun hinne fille sech och nach ëmmer geplot mat ze villen administrativen Aufgaben, sou de Meris Sehovic vun déi Gréng:
"En général musse mer soen, dass d'Etüd vum Observatoire eigentlech dat confirméiert, wat de Sondage vun den Enseignantsgewerkschafte scho virun enger Rei Méint constatéiert hat. Nämlech dass de Stresslevel bei den Enseignanten héich ass, extreem héich ass, an dass dat och ganz vill ze dinn huet mat den administrative Prozeduren, déi zougeholl hunn an deene leschte Joren. Mir mussen onbedéngt en Effort maachen, fir d'Charge administrative an de Schoulen op e strikte Minimum ze reduzéieren."
Mat KI manner administrativ Aufgaben?
Mir hu scho gekuckt, fir déi iwwerflësseg administrativ Aufgaben z’eliminéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Deputéierten an der Kommissioun geäntwert. Lo soll analyséiert ginn, ob déi Kënstlech Intelligenz net kann hëllefen:
"Fir och ze kucken, wéi mer dem Enseignant déi administrativ Tâchen doduerch kënne vereinfachen, andeems mer hinnen Toolen zur Verfügung stellen, baséierend op Artifizieller Intelligenz."
Mat KI administrativ Aarbecht vun den Enseignantë reduzéieren, ass also eng Pist, déi de Minister en Dënschdeg de Moien ugeschwat huet. Wichteg ze soen ass och nach, datt d’Donnéeën aus dësem Rapport geschwë véier Joer al sinn. Am Juni 2021 – matten wärend Corona – goufen iwwer 25.000 Schüler a méi wéi 3.000 Enseignantë befrot. Den Handy an dat Digitaalt spille sécher och eng grouss Roll beim Wuelbefanne vun de Schüler. Dat soll a weideren Etüde méi genee gekuckt ginn.