Alkohol um SteierPolice huet dräi Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Zu Keel, an der Stad a bei Bartreng waren alkoholiséiert Automobilisten ënnerwee.

En Donneschdeg den Owend ass enger Patrull zu Keel en Auto opgefall, dee mat de véier Winkeren un ënnerwee war. D’Beamten hunn d’Gefier gestoppt an hate séier de Verdacht, datt de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt huet. En Alkoholtest gouf duerchgefouert a provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

An der Nuecht op e Freideg war nees en Automobilist opgefall, dee wuel ze vill gedronk hat. Dëse war um Boulevard Royal an der Stad ënnerwee. De Verdacht vun de Polizisten huet sech confirméiert an de Permis gouf provisoresch agezunn.

Dann ass de Polizisten nach e Won opgefall, deen am Gruef tëscht Helfent a Bartreng louch. D’Beamten hunn de Chauffer am Auto lokaliséiert, dee louch do ze schlofen. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO