Et gouf e Mëttwoch offiziell matgedeelt: D'Präisser an d'Aktivitéit vun Transaktiounen am Logement sinn zanter Enn 2024 nees um Klammen.

An engem Communiqué confirméiert de Logementsministère dës Hausse. Et ass déi éischt zanter Ufank 2022, gëtt dann nach präziséiert. Et bleift z'erwänen, datt déi massiv Hausse vun den Zënsen op der Bank de Lëtzebuerger Immobiliemaart an de Joren 2022 an 2023 schwéier getraff huet.

Zanterhier si verschidde politesch Mesuren, déi de Logementssecteur um Dréinen hale sollen, hei am Land a Kraaft getrueden an d'Zënse goufe vun der Europäescher Zentralbank an de leschte Méint ëmmer nees no ënnen ugepasst.

Aktivitéit vun Transaktiounen änlech wéi virun der Kris

Dës Mesuren hunn dann dozou gefouert, datt d'Transaktioune vu Kafen a Verkafen am Logmentsberäich am leschte Quartal 2024 um selwechten Niveau oder esouguer deels iwwert dem Standard vu virun der Kris waren. Dem Observatoire de l'habitat no gouf et bei de Vente vun Appartementer eng Hausse vun 108,2 Prozent a bei den Haiser bei 77,2 Prozent par rapport zum selwechten Zäitraum 2023.

Präisser vergläichbar mat Enn 2020

Et sinn awer haaptsächlech d'Präisser vun de Logementer, déi schonn existéieren, déi dofir suergen, datt et nees eng Hausse gëtt. De Präis vun engem Haus ass ëm 3 Prozent geklommen, wärend dat vun engem Appartement ëm 1,8 Prozent erop goung. Déi lescht zwee Joer huet een hei just ëmmer nees Baisse constatéiert. Dem Statec no läit een no dëser Hausse um Niveau vun de Präisser, wéi et se am véierten Trimester 2020 gouf. Tëscht dem 3. Trimester 2022 an dem 1. Trimester 2024 waren d'Präisser am Schnëtt ëm 16,3 Prozent gefall. Am 2. Trimester 2024 ware se du stagnéiert an dono si se nees geklommen.

Haussë vun Demande a Präisser bei Logementer, déi schonn existéieren

Déi aktuell Haussë kommen haaptsächlech duerch Haiser an Appartementer, déi scho gebaut goufen. Vefaen, also Logementer déi am Bau sinn oder gebaut solle ginn, sinn däitlech manner gefrot. Hei ass op d'mannst bei de Präisser nach ëmmer eng Baisse ze konstatéieren an et gëtt keng wierklech Hausse bei der Demande vun den Acquisitiounen.

Präisser vun de Loyere gi weider an d'Luucht

Och wann et eng Hausse bei de Vente gëtt, bedeit dëst net, datt d'Loyere méi bëlleg ginn. Tëscht dem véierte Quartal 2023 an dem véierte Quartal 2024 sinn d'Präisser vum Loyer an neie Kontrakter am Schnëtt ëm 2,6 Prozent geklommen. Bei Kontrakter, déi schonn existéieren, ass eng Hausse vun 1,7 Prozent festgestallt ginn. Net ze negligéieren ass hei awer de Fakt, datt de Mieterschutz an de leschte Méint eng däitlech Hausse vum Opléise vu Kontrakter festgestallt huet.