Fake News aus der RTL-Onlineredaktioun: Aus dem Wäissen Haus gouf et natierlech kee Message, dass weltwäit Stroossennimm geännert musse ginn.

Deene meeschte Leit war et séier opgefall, an awer... hätten der vill et net fir onméiglech gehalen. Et bleift glécklecherweis (virleefeg?!) dobäi: weltwäit wäerte Stroossen, déi nom John F. Kennedy benannt sinn, hire Numm behalen. Zu enger Avenue Donald J. Trump kënnt et da vläicht emol spéider. Liest hei nach eng Kéier de ganzen Abrëllsgeck vun der RTL-Onlineredaktioun:

                                     

Et ass nach net laang hir, dass den US-President Donald Trump mat sengen Aussoen iwwert de Mord u sengem Virgänger John F. Kennedy fir Schlagzeile gesuergt huet. Hien ass wuel der Meenung, dass de Lee Harvey Oswald geschoss hätt. Allerdéngs géif den Trump sech froen, ob de presuméierten Täter dobäi onbekannt Hëllef hat.

Bal all Dokumenter si verëffentlecht

Mat där Meenung steet den aktuelle President net eleng do. Och méi wéi 60 Joer nom Attentat op den JFK sinn nach ëmmer vill Amerikaner der Meenung, dass hien Affer vun enger Verschwierung war. Op Uweisung vum Trump huet seng Regierung viru kuerzem ronn 88.000 Säite vun digitalen Dokumenter fräiginn, déi mam Kennedy-Mord ze dinn hunn. 2017 war schonn en Deel vun dëse brisanten Akte publik gemaach ginn. Op Bedreiwe vu CIA an FBI waren do awer verschidden Dokumenter nach zeréckgehale ginn. Aus Sécherheetsgrënn.

Och de President Biden hat zeg Säite fräiginn, sou dass mat der rezentster Publikatioun elo 99 Prozent vun den Akten am Nationalarchiv zu Washington ëffentlech zougänglech sinn. Ronn 5 Millioune Schrëftstécker, Fotoen, Videoen an Artefakten. "D'Leit wëllen endlech Kloerheet, si hu joerzéngtelaang drop gewaart", esou den Trump zu Washington. No grëndlecher Analys vu spezialiséierten Historiker wier elo zu 99,99 Prozent kloer an erwisen, dass den Oswald um 22. November 1963 eleng gehandelt hat. Domat kéint den JFK-Dossier ee fir allemol klasséiert ginn, sou d'Wäisst Haus haut an engem Communiqué. Wien elo nach eppes anescht géif behaapten, géif alternativ Fakte verbreeden.

JFK-Stroossennimm ginn ofgeschaaft

Vu, dass de Fall Kennedy domat enfin geléist wier, huet den Donald Trump elo d'Direktiv erausginn, fir weltwäit d'Nimm vun deene Stroossen änneren ze loossen, déi dem Kennedy säin Numm droen. "Vill Boulevarde krute just wéinst deem Attentat dem Kennedy säi Numm, an net wéinst senger groussaarteger Politik", sou den US-President op senger Medieplattform Truth Social. Dowéinst misst elo mat der Vergaangenheet ofgeschloss ginn. An Zukunft sollen déi concernéiert Stroossen alleguer säin Numm droen, fuerdert den Donald Trump.

RTL

© AFP

Mat där iwwerraschender Decisioun, déi weltwäit sou séier wéi méiglech ëmgesat soll ginn, hat kee gerechent. Et ass dovun auszegoen, dass déi Initiativ vu Washington net op ganz vill Géigeléift wäert stoussen. Konkret misst jo da mol an allen Uertschaften iwwerpréift an zesummegezielt ginn, wéi vill Stroossen effektiv betraff sinn. Al Schëlter erofhuelen a recycléieren, nei Schëlter bestellen a montéieren, dat alles brauch eleng schonn hei zu Lëtzebuerg seng Zäit, a kascht och Geld. Dass Washington fir dës net geplangte Käschten an de jeeweilege Gemengebudgeten opkënnt, ass net envisagéiert. Et gëtt awer d'Méiglechkeet, eng Demande fir finanziell Ënnerstëtzung an déi amerikanesch Haaptstad ze schécken. Ëmmerhin gëtt de jeeweilege Länner d'Gestaltung vun de jeeweilege Stroosseschëlter fräi iwwerlooss - wéi e Land sech dat wéi vill kaschte léisst, misst all Natioun fir sech selwer decidéieren. D'Graphiker vun RTL hu scho mol e Beispill vun esou engem Stroosseschëld a sengem natierlechen Ëmfeld entworf.

RTL

© rtl.lu

Änlech wéi an der Diskussioun ëm d'Ëmbenennung vum Golf vu Mexiko mussen dann natierlech och bei all de betraffene Stroossen déi digital Donnéeë geännert ginn. Heescht: Google Maps gesäit sech virun enger riseger Erausfuerderung, well all Uertschaft, déi eng JFK-Strooss huet, selwer bei Google muss ufroen, fir et op hire Kaarten änneren ze loossen. Kontrolle wäerten an noer Zukunft duerchgefouert gi wann d'Autoe mat de spezielle Kameraen um Daach rëm duerch d'Welt geschéckt wäerte ginn. Och hei huet sech d'Ekipp vun der RTL Grafik hir Gedanke gemaach, wéi de Boulevard Kennedy um Kierchbierg an Zukunft online duergestallt wäert ginn.

RTL

© rtl.lu

Strofen an Aussiicht

Gläichzäiteg ass et am Communiqué och de kloren Appell vun der US-Regierung, dass si sech Stroftaxen iwwerleeë géife géint déi Länner, déi hir JFK-Initiativ net wéilten ëmsetzen. Alternativ wiere forcéiert Keef vun Tesla- an X-Aktien ugeduecht. De Wonsch an de Wëlle vun der Weltmuecht USA misste respektéiert ginn - sou wéi si och all déi aner Natioune respektéieren. Mat enger SpaceX-Rakéit vum Trump sengem Beroder Elon Musk gëtt an de nächsten Deeg e Satellit op Orbit geschéckt, deen esou equipéiert ass, dass e mat engem Spezialscanner erkenne kann, wou op der Äerd d'Kennedy-Stroosseschëlter schonn ersat goufen. Sou kann och evaluéiert ginn, wéi vill Autoe vu Google duerno mussen erausgeschéckt ginn. D'Stied an Uertschafte sinn duerno gebieden, Fotoe vun den Aweiunge vun de nei benannte Stroosse op Washington ze mailen, fir dass se an eng speziell Fotosgalerie um Site vum Wäissen Haus kënne gesat ginn.

RTL

© rtl.lu

Länner a Gemengen, déi sech der neier Direktiv widdersetze géinge, misste sech op diplomatesch Differenzen astellen. Wéi sot schonn dem Trump säi Virgänger George W. Bush: "Wie net fir eis ass, deen ass géint eis."

RTL

© rtl.lu

Aus dem Wäissen Haus ass et am selwechten Otemzuch och nach d'Nouvelle, dass de Flughafen zu New York an Donald J. Trump Airport ëmbenannt wäert ginn. Aus der internationaler Kennung JFK wäert dann elo an Zukunft DJT ginn. Nach net ganz eens ass een sech allerdéngs beim neien Titel fir de Kennedy Space Center a Florida. Den Elon Musk géif sech an där Saach berechtegt Hoffnunge maachen.

RTL

© rtl.lu