
Am Mordprozess vu Bouneweg am Joer 2022 ass den Ugekloten en Donneschdeg de Mëtteg um Stater Geriicht wéinst senger mentaler Krankheet fir “strofrechtlech irresponsabel” erkläert ginn a kënnt an d’Psychiatrie. D’Geriicht huet heifir den Artikel 71 vum Code pénal zeréckbehalen.
De Mann vun 47 Joer hat eng Fra vun deemools 32 Joer an enger Wunneng zu Bouneweg am Delirium brutal ermort. Den Expert hat am Prozess vun enger paranoider Schizophrenie geschwat. D’Affer war mat engem Messer ënnert anerem an den Hals gestach ginn an den Ugekloten hat dono ënnert anerem Kierperdeeler ofgetrennt. Hien huet virun de Riichter ausgesot, “ënnert den Ae vu Gott de Luzifer ëmbruecht” ze hunn.
Véier Partie-civille kruten e Schuedenersatz vun ronn 160.000 Euro accordéiert. Eng weider Partie civile, déi ganz schlëmm mat engem Messer verwonnt gi war, krut eng Provisioun vun 15.000 Euro zougestanen fir eng Expertise ze maachen. Et handelt sech hei ëm dem Ugeklote säi Matbewunner.
De Beschëllegte war scho virum Mord wéinst sengem mentalen Zoustand iwwer laang Zäit a stationärer Behandlung am Centre neuropsychiatrique zu Ettelbréck. Well seng Krankheet sech awer gutt entwéckelt hätt, huet hien aus dem Appartement misse raus an ass dunn an eng Co-Locatioun op Bouneweg wunne gaangen, wou et dunn e puer Méint méi spéit zum Mordfall koum. Wisou et zu enger Rechute vum 47 Joer ale Mann koum, konnt den Expert am Kader vum Mordprozess net kloer soen.
RTL-News vum 7.3.25: Prozess ëm psychesch kranke Mann: Defense plaidéiert op scholdonfäeg