Parlamentaresch Fro an Äntwert
Ettelbréck an Hesper wëllen Iwwerwaachungskameraen

D'Gemengen Ettelbréck an Hesper hunn eng Demande bei der Police gemaach, fir Iwwerwaachungskameraen op hirem Territoire installéieren ze kënnen.
Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir. De sougenannten Visupol-System ass jo schonn an der Stad Lëtzebuerg operationell. An zejoert hat den Interieur d'Demanden vun Esch an Déifferdeng autoriséiert. De Léon Gloden huet um Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun e Gesetzprojet deposéiert, fir ënnert anerem d'Autorisatiounsprozedur ze vereinfachen.
Am meeschte gelies