StaatsministèreChef de Cabinet ofgeschaaft: Michel Scholer lo Generalsekretär vum Regierungsrot

Roy Grotz
De Staatsminister Frieden organiséiert seng Spëtzt am Ministère nei. Gréisst Ännerung ass, datt de Poste vum Chef de Cabinet am Staatsministère ewechfält.
© Archivfoto

Dat ouni awer, datt dës Ekipp géif ophale mat schaffen. Am Kloertext heescht dat, datt de Chef de Cabinet vu bis ewell, de Michel Scholer, vum 1. Mee u wäert Generalsekretär vum Regierungsrot ginn.

D‘Christine Goy, déi zanter dem Untrëtt vun der CSV-DP-Regierung op deem Poste war, wäert zréck an den Ausseministère goen. Hire Virgänger, de Jacques Flies, ass iwwerdeem aktuell Ambassadeur a Südkorea.

Eng weider Nominatioun aus dem Staatsministère ass déi vum Jacques Thill, dee bis ewell 1er Conseiller de Gouvernement war a lo am Cabinet Frieden d’sécherheetspolitesch Dossieren iwwerhëlt an dës mam SREL, der Weltraumpolitik an dem Haut-Commissariat à la Protection Nationale koordinéiert.

Domat gëtt den 31 Joer ale Michel Scholer d’administrativ riets Hand vum Premier Frieden. Den CSV-Member war virdrun zu Washington de Lëtzebuerger Vertrieder am FMI.

D’Virgänger an der Funktioun vum Chef de Cabinet am Staatsministère waren ënnert dem Premier Bettel den DP-Politiker Jeff Feller an de Luxconnect-Chef Paul Konsbrück.

1974 hat den DP-Staatsminister Gaston Thorn dee Posten agefouert an deemools de Paul Helminger op där Positioun genannt.

Back to Top
CIM LOGO