Bei Militärausgaben "net méi domm si wéi déi aner", esou den Ausseminister
Den Ament ass zu Paräis de Salon international de l'aéronautique et de l'espace. Fir déi 10. Kéier ass och e Lëtzebuerger Pavillon op der Foire.
An do huet d'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes ënnert anerem den neie Guide presentéiert, dee vu Luxinnovation ausgeschafft gouf. Mëttlerweil gëtt et 90 Entreprisen zu Lëtzebuerg, déi am wäitste Sënn an der Verdeedegung aktiv sinn. D'Ministesch vun der Defense huet um Méindeg ënnert anerem hire franséischen Homolog Sébastien Lecornu gesinn.
Et wier wichteg, als Europa gemeinsam d'Verdeedegungspolitik ze gestalten. Lëtzebuerg huet sech bei der NATO ënner anerem verflicht, an d’Loftofwier ze investéieren, respektiv och an e Militärspidol.
"Do gëtt et ganz vill Branchen, wou mir wäerte missen dran investéieren iwwert déi nächst Joren, och Dronen. Mir hunn aus dem Ukrain-Krich geléiert a wéi eng Richtung et geet, wat mir brauchen."
"Net méi domm si wéi déi aner"
Nieft der Verdeedegungsministesch war och den Ausseminister a Vize-Premier um Méindegmoie bei der Ouverture vum Lëtzebuerger Pavillon. Béid Minister hunn d’Geleeënheet genotzt, eng Rei Industriebetriber ze gesinn.
De Xavier Bettel schwätzt vun enger reeller Gefor, dofir misst een och als Lëtzebuerg Efforte maachen, wann ee wëll an der NATO bleiwen. De Xavier Bettel erkläert, dass "wa mer Depensë musse maachen, net méi domm solle si wéi déi aner an och kucken, dass mer do e Retour kréien."
De Vize-Premier sot, dass een nei Entreprisë gesinn hätt, der awer och begéint hätt, déi scho Kontakter mat Lëtzebuerg hunn.
"De Reesender ass do, fir de Kontakt ze knäppen, d'Bréck ze bauen."
Um Méindeg hätt eng Lëtzebuerger Entreprise e Kontrakt vu 50 Milliounen ënnerschriwwen. Méi an den Detail wollt de Xavier Bettel do net goen. Insgesamt dierft een awer net kriddeleg sinn. Vill Entreprisë wieren um Standuert Lëtzebuerg interesséiert, well een do bei Null kann ufänken.
"Et kann dual use sinn. Et kann, wësst der, d’Defense si keng Spillsaachen. Do si Saachen, wou mer wëssen, dass se och net där schéinster sinn. Mee wa mer musse matmaachen, hunn ech grad esou gären, dass mer d'Sue bei eis ausginn, wéi an d'Ausland Suen ze verdeelen.", esou den Ausseminister.
LuxDefence als Zesummeschloss vun Defense-Betriber
Um Méindeg gouf och offiziell d’Associatioun LuxDefence lancéiert. Et ass den Zesummeschloss vu Lëtzebuerger Firmen, déi am Secteur schaffen. Den André Wilmes ass den éischte President.
"En fin de compte ass et eng vun deenen zéng Recommandatiounen, déi erausgaangen ass bei der Chambre de Commerce am Rapport vum Mee Lux4Defence. Do gouf, entre autres, de Requis identifizéiert, dass mer zu Lëtzebuerg als Industrie eis musse méi federéieren, méi zesummeschléissen, méi koordinéieren."
Eng vun de groussen Erausfuerderunge wier et, déi vill Technologie de pointe, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, zesummenzebréngen.
Yuriko Backes: "Et ass net mat Prozentsätz, wou ee sech verdeedegt"
Fir kuerzfristeg op zwee Prozent Militärausgaben ze kommen, wier realistesch an do gëtt et och e Plang, esou d’Yuriko Backes. Et misst een elo nach ofwaarden, wat genee um NATO-Sommet zu Den Haag erauskënnt.
"Ech mengen, ech hu schonn e puermol gesot, dass, wat fir eis wichteg ass, ass d'Capacitéiten, déi mer an der NATO brauchen, fir kënnen eng gewëssen Ofschreckung ze maachen a fir eis kënnen an der NATO ze verdeedegen. E Prozentsaz dorop ze setzen, jo, dat kann ee maachen. Mee et ass net mat Prozentsätz, wou ee sech verdeedegt."
Et wier mat Capacitéiten, wou ee sech verdeedegt an do géif een als Lëtzebuerg säi Bäitrag leeschten, erkläert d’Verdeedegungsministesch.
E Reportage mat weideren Detailer gëtt et um Méindegowend am Journal an an den nächsten Deeg kommen nach eng Rei aner Artikele ronderëm déi grouss Foire vun der Aviatioun zu Le Bourget.