Wéi eng Rechter hu Passagéier?

D'Vakanz steet virun der Dier a fir vill Leit heescht dat och verreesen. Blöd ass et, wann de Vol oder den Zuch ausfält.
Mir hunn nogefrot, wéi eng Rechter een als Passagéier huet.
Donneschdes zu Paräis, um Fluchhafen Orly: Wéinst dem Streik vun de Fluchkontrollere si sëllege Flich annuléiert, d’Passagéier stieche fest. Hinne bleift an dësem Fall wéineg anescht iwwereg, wéi op d’Kommunikatioun vun de Fluchgesellschaften ze waarden.Bei engem Streik vum Fluchhafepersonal haften d’Airlines nämlech net.
Bei diversen anere Grënn, wéi technesche Problemer oder Krankheetsfäll an der Bordekipp, hu Passagéier ab enger Verspéidung vun 3 Stonnen, jee no Fluchstreck, an der Reegel Usproch op eng Entschiedegung.
De Montant variéiert tëschent 250 a 600 Euro, jee nodeems ob et e Kuerz-, Mëttel- oder Laangstreckevol ass (<1500km, <3500km, >3500km).
Um Site vum Cente européen des consommateurs kann een nosichen, wéi vill Entschiedegung een ze gutt huet. Et wier awer wichteg ze wëssen, dass dat net fir "cas de force majeure" gëllt, erkläert d’Juristin Julie Jasson. Zu Lëtzebuerg ass d’direction de la protection des consommateurs zoustänneg fir Streidereie mat Firmen zu Lëtzebuerg, an de centre européeen fir déi Transportgesellschafte mat Sëtz am Ausland.
Den Delai, bis dass eng Indemnitéit fälleg gëtt, soll an Zukunft dann esouguer zu Gonschte vun de Fluchgesellschafte verlängert ginn. Dat géing an déi falsch Richtung goen, erkläert déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Ma et géif och positiv Elementer. Esou solle Kanner bis 12 Joer däerfe gratis nieft hirer Begleetpersoun sëtzen. Och d’Assistance fir Leit mat Handicap géif gratis ginn.
Déi gréng Europadeputéiert plädéiert fir den Zuch als Alternativ. Ma dofir misst déi grenziwwerschreidend Offer ausgebaut ginn an d’Tickete méi bëlleg gi par Rapport zu de Vollen, nom Prinzip vum Pollueur-Payeur.
A punkto Verspéidungen huet den Zuchpassagéier aktuell och manner Suen ze gutt, betount d’Julie Jasson: "En fonction vun Ärem Retard hutt dir d’Recht op e Remboursement vun engem Deel vum Ticketspräis. Dat ass awer manner wéi bei engem Fluchticket, dat kann zum Beispill e Véierel sinn. Et ass also net immens vill".