Wéinst enger technescher Pann
Zwou Persounen hu missen aus dem Lift fir an de Pafendall befreit ginn

© RTL Archiv
Géint 14h30 e Sonndeg krut RTL gemellt, dass e Pompjeeswon virum Panorama-Lift, fir erof an de Pafendall géing stoen.
Wéi et op Nofro vum CGDIS geheescht huet, hätt de Lift eng technesche Probleem gehat. D'Pompjeeën hätten zwou Persounen, déi deen Ament an der Kabinn waren, befreien. Kenger vu béide wier eppes geschitt.
Den Ament géing ee mat den Techniker op der Plaz kucken, wat genee de Probleem war.
Am meeschte gelies