D'Oekofest vum Mouvement écologique am Pafendall
E Sonndeg war am Pafendall d'Oekofest vum Mouvement écologique.
Vum Mouvement écologique kritt d’Regierung fir hir Ëmweltpolitik eng Datz, iwwerdeems zu Bréissel d'Géigner vun enger nohalteger Zukunft um laangen Hiewel sëtzen.
D'Blanche Weber, déi zanter 22 Joer un der Spëtzt vun der Ëmweltorganisatioun steet, bedauert, mat wéi enger Schnellegkeet a Konsequenz op EU-Niveau, ekologesch a sozial Errongenschafte vu Joerzéngten a Fro gestallt ginn:
"D'Géigner vun enger nohalteger Zukunft sinn am Ablack um laangen Hiewel. Dat verbonne mat Politiker, och aus chrëschtlech-soziale Kreesser, déi sech op EU-Niveau op déi Rietsextreem zoubeweegen."
Op déi Manéier, géif ee rietsextreem Politik méi salonsfäeg maachen a wierklech Zukunftstheme verleegnen. Dat zu engem Ament, an dem Lobbyisten a Konzerner weltwäit Muecht a Geld hätten, fir hir Intressen ze vertrieden. Iwwerdeems ee sech beim Mouvement freet, wéi een deene villen Erausfuerderungen an Zukunft gerecht ka ginn?:
"Eis finanziell Ressourcë setzen eis Grenzen. Grad an dësen Zäiten, wou et souguer am Ablack net evident ass, fir datt mer d’Gelder nach wieder kréien, déi mer fir eis Aarbecht, déi mer bis elo gemaach hunn, brauchen."
Et wier déi weltwäit Solidaritéit, déi déi Responsabel dru gleewen dinn, datt eng besser Welt méiglech ass. Eng Welt, an där d'Leit am Mateneen an am Respekt virun der Natur liewen. Heiheem gëtt et net vill Punkten, wat déi aktuell Regierungspolitik ubelaangt:
‘"Grondsätzlech, an Dir wäert Iech net wonneren, ass d’Analys vun der Lëtzebuerger Regierungspolitik absolut onbefriddegend."
Kritik gouf et, wat d'Aspuere vun CO2-Emissiounen an der Industrie ubelaangt. Wat d'Renovatioun vu Logementer ubelaangt. An der Elektromobilitéit kéim een net esou weider, wéi geduecht. D'Landwirtschaftsministesch wier blann, wat Biodiversitéit ubelaangt. De Mouvement fuerdert e gesellschaftlechen Debat, wat déi grouss Erausfuerderungen ubelaangt.