Zanter ronn zwou Woche leeft dëst Joer schonn d'Drauwelies. Fir d'Drauwe vun de Riefstäck erofzekréien, ass vill Handaarbecht néideg.

Well et schonn zanter Joren ëmmer méi schwéier gëtt, fir Leit vun hei ze fannen, déi dat wëlle maachen, ass et Traditioun, datt dofir all Joer Saisonsaarbechter aus dem Ausland, déi sougenannt Hierschtleit, op Lëtzebuerg kommen. An déi kommen deels aus der Grenzregioun an deels vu méi wäit ewech.

D'Musel an d'Ëmgéigend louchen nach ganz am Niwwel, do ware se Enn lescht Woch tëscht Réimech a Bech-Maacher scho fläisseg amgaangen, mat liesen. Dräi Männer aus der franséischer Grenzregioun, déi fir de Betrib vum Josy Gloden Tafeldrauwe schneiden. Dobäi passe si dorobber op, datt se déi manner schéin Drauwen direkt aussënneren. De President vun der Wënzer-Genossenschaft Vinsmoselle setzt schonn zanter Joren haaptsächlech op Leit aus dem Nopeschland, dat esouwuel aus logistesche wéi och aus tëschemënschleche Grënn.

"Ech mengen, wann ee Lies-Leit hëlt, déi sollen och respektéiert ginn, déi sollen net an Autoen oder Caravanne schlofen, et muss ee Logementer fir déi hunn. Dat ass natierlech ee Problem, wann ee Leit aus dem Osten hëlt, muss ee Logementer fir déi Leit fannen. Ech perséinlech a mengem Betrib fueren haaptsächlech mat franséische Frontalieren. Ech hunn eng super Ekipp, déi zanter Joren aus deene selwechte Leit besteet."

De Clément huet 73 Joer a kënnt zanter 13 Joer an d'Lies hëllefen. Dat wier eppes ganz anescht wéi dat, wat hien a sengem Beruff als Schweesser gemaach huet. Hien erënnert sech nach gutt dorunner, wéi alles ugefaangen huet.

"Ils avaient mis une annonce qu'ils cherchent du monde, alors comme on l'avait vu, on s'est presenté et depuis je reviens. Je pensais juste faire une année pour voir comment ça marche, mais comme c'est une bonne ambiance et c'est pour ça qu'on revient."

De Philippe huet 65 Joer an huet scho beim Josy Gloden sengem Papp geschafft, 1998 war en déi éischte Kéier an der Lies am Asaz, och wann en net all Joer komme konnt. Hien huet um Bau geschafft a bei der Lies gefält him virun allem, datt een nei Leit kenneléiert. Hien huet awer och Kënneger motivéiert, fir mat an d'Lies ze kommen.

"Oui oui, moi j'ai déjà ramené des gens, ça c'est sûr. Nous on est à 5 de la famille ici chez monsieur Josy. Il y a des gens qui viennent, ils tiennent pas trop le coup mais ils viennent."

Vu méi wäit fort kënnt iwwerdeems d'Ania. Déi jonk Fra vun 29 Joer ass gebierteg aus dem Norde vu Polen. No beruffleche Statiounen an Norwegen an England ass si duerch ee Monni op Lëtzebuerg komm a schafft elo an der Welleschter Kellerei.

"Ech si fir déi éischte Kéier mol fir eng Saison komm, ech mengen, dat waren ongeféier fënnef Wochen, fir Gabelstapler ze fueren. Mir gefält et hei, wéinst de Leit a well de Betrib kleng ass, et ass e bëssi wéi eng Famill, jidderee behandelt jidderee gutt. An dunn hunn ech mäi Chef gefrot, ob et méiglech wier, hei ze bleiwen. Du sinn ech dat Joer drop erëmkomm a si lo eng sechs Joer hei."

Op hire viregten Aarbechtsplaze wier si zwar och mam Gabelstapler gefuer, do hätt et awer guer kee Lien mat der Wäiproduktioun ginn. Hiren Interessi un deem Prozess wier och ee Grond, firwat d'Aarbecht an der Kellerei hir Spaass maache géing. Si kéint sech op alle Fall gutt virstellen, nach laang an deem Beräich ze schaffen.

Generell héiert een awer aus dem Secteur, datt et ëmmer méi schwéier gëtt, Leit och aus dem Ausland ze kréien, déi bereet sinn, bei der Lies ze hëllefen. Mëttlerweil géing ee scho Leit aus Rumänien komme loossen, well d'Paien do nach ee gudde Krack méi niddreg wéi zu Lëtzebuerg sinn.

Bei der Presentatioun vum Bilan vun der Drauwelies huet d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen iwwregens annoncéiert, datt vum nächste Joer un d'Aarbecht vun den Hierschtleit net méi just wärend 18 Deeg, mee wärend engem ganze Mount nëmme mat dräi Prozent besteiert gëtt.