Mauer mat den Nimm vun de jiddeschen Affer vum Nationalsozialismus ageweit

© Chris Meisch / RTL
Iwwer 1.200 jiddesch Matbierger goufen am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg vun den Nazie verfollegt, deportéiert an ëmbruecht.
Domat gouf bal déi ganz jiddesch Communautéit zu Lëtzebuerg zerstéiert a fir ëmmer gezeechent. E Sonndeg de Moie war d‘Aweiung vun de Mauere mat den Nimm vun de verstuerwene Judden, an der Uewerstad um Boulevard Roosevelt, beim Monument Kaddish. Dëst Monument gouf op Initiativ vu MemoShoah geschaaft, mat der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Regierung, der Stad Lëtzebuerg, dem jiddesche Consistoire vu Lëtzebuerg an der Lëtzebuerger Fondatioun fir d'Erënnerung un d'Shoah. Domat soll den Affer geduecht, un d’Verbrieche vum Naziregimm erënnert an e kloert Zeeche fir d’Zukunft gesat ginn.
Mat engem Gebiet, enger Minutt vun der Rou a Biographië vun Zäitzeien, gouf un déi 1.225 jiddeschen Affer vum Nationalsozialismus zu Lëtzebuerg erënnert. 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich bleift d‘Erënnerung héich: D’Lektioune vun där Zäit mussen un déi nächst Generatiounen iwwermëttelt ginn, fir datt Haass an Antisemitismus ni méi eng Plaz an eiser Gesellschaft fannen, fënnt de Georges Santer, President vu MemoShoah. Fir hien ass et wichteg, datt d‘Erënnerung un d‘Affer lieweg bleift:
"Mir hu keng Griewer vun deene Leit, mir hu keng Äsche vun deene Leit, wat mir elo hunn, ass datt hir Nimm agravéiert sinn, an dat mécht se, net nëmme fir Familljemembere, mee och fir d‘Gesamtgesellschaft present."
Fir de Claude Marx Éierepresident vu MemoShoah an Initiator vum Projet ass d’Erënnerung un déi jiddesch Affer an un d’fréier Nazi-Occupatioun net nëmme wichteg, fir d’Vergaangenheet net ze vergiessen, mee och fir an Zukunft Mënscherechter, Fräiheet an ee friddlecht Zesummeliewen, ze protegéieren:
"La mémoire s'effrite, la mémoire s'oublie, la mémoire disparaît et nous avons voulu la rappeler. Toutes dérives, racistes, antisémites, homophobes, toute dérive est à dénoncer. Pour nous, il est très important pour envisager le passé, pour nous défendre de tout ce qu‘il nous peut arriver, il faut avoir recours au souvenir et à la mémoire."
Den Nur Ben-Shalom ass kënschtleresche Leeder vu "Lebensmelodien", e Projet an deem al jiddesch Lidder a Kompositioune gesammelt ginn, déi wärend der Nazi-Zäit entstane sinn oder vu Shoah-Affer geschriwwe goufen. Hien huet e Sonneg mat senger Klarinett Lidder gespillt, déi verluere géinge goen, wann ee se net erëm ëffentlech zougänglech géing maachen.
"Diese Lieder sind für uns Lieder von Erinnerungen, aber damals, in der Kriegszeit, hat diese Musik Hoffnung gegeben. Besonders in der heutigen Zeit, bringt Musik Mënschen zusammen und das ist eigentlech Musik über Menschlichkeit."
Zousätzlech huet MemoShoah e Gedenkbuch verëffentlecht, mat den Nimm an 18 Biographië vun de jiddeschen Affer. Vun e Méindeg u bis den 3. Oktober, kann ee sech an der Villa Pauly en Exemplar mathuelen.