Zanter Juni 1985 setzt sech d’Asbl ProVelo fir d’Sécherheet vun de Vëlosfuerer op der Strooss an. Wichteg wär et d’Vëlospiste mateneen ze verbannen.

1984 hu sech Stater Leit zesummegedoen a sech a Form vun enger Manifestatioun fir de Vëlo agesat. Am Juni 1985 gouf dunn d'ASBL ProVelo gegrënnt. Hir Wënsch vun deemools, sinn déi selwecht ewéi déi vun haut: Sécherheet fir déi Leit, déi sech wëllen um Vëlo op der Strooss deplacéieren.

Et hätt sech an de leschte Jore scho vill Positives gedoen. Mam Tram wären och vill Vëlosweeër ugeluecht ginn. Elo wär et wichteg, déi eenzel Stater Quartiere mateneen iwwer eng Vëlospist ze verbannen. Do géifen et nach Lücke ginn. 
 
Flott wär déi néi Vëlospist zu Esch, déi den Zentrum vun der Minettmetropole mam Belval verbënnt. Och d'Vennbahn hätt sech gutt entwéckelt. Déi néi Vëlospist, déi aktuell op der Kockelscheier gebaut gëtt, wär och begréissenswäert.

Der Asbl wäert d'Aarbecht déi nächste Joren awer sécher net ausgoen.