Fir den Optakt vun der UN-Vollversammlung huet de Lëtzebuerger Ausseminister e kuerzen Apperçu vun de wichtegste Sujete ginn.

Groussbritannien, Australien a Kanada hunn e Sonndeg Palästina als Staat unerkannt. Eng ganz Rei aner Länner, dorënner zum Beispill Lëtzebuerg a Frankräich hunn annoncéiert, dat an deenen nächsten Deeg op der UN-Vollversammlung zu New York ze maachen.
 
Lëtzebuerg gëtt vum Premier Luc Frieden, dem Ausseminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Martine Deprez vertrueden.
 
"Et ass eng wichteg Woch zu New York, wou d'ganz Welt zesumme kënnt", wéi den Ausseminister Xavier Bettel am Gespréich mat RTL sot.
 
"Eng Welt, déi am Moment awer e bëssen op der Kopp ass, muss ee jo och ganze éierlech soen. Mat haut den Owend direkt en éischt Iessen, wat ech hunn, am International Peace Institute a muer geet et weider och, mat engem wichtege Moment, d'Konferenz iwwert d'Zwee-Staate-Léisung tëschen Palästina an och Israel. Ech sinn och ganz frou, de Premierminister ass jo selbstverständlech och hei, an dee wäert och e Freideg och d'Ried halen am Numm vum Grand-Duché. An d'Gesondheetsministesch ass och hei, well si och eng Rëtsch vu bilaterale Reuniounen huet an och ganz vill Punkten iwwer d'Santé sinn. Dann hu mer eng 15 bilateral Reuniounen, wou ech deelhuelen. Dat ass mat Länner, déi ee soss net einfach gesäit."

De Xavier Bettel iwwert de Programm vun der UNO-Vollversammlung

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stinn déi vill Konflikter op der Welt. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet am Virfeld vun der Vollversammlung ënnerstrach, datt d'UN déi richteg Plaz wier, fir Léisungen ze fannen.

Dat gëtt awer ëmmer méi schwiereg. Wéinst de Veto-Rechter vun ënnert anerem Russland oder den USA sinn effikass Mesuren am Ukrain- oder am Gaza-Krich praktesch onméiglech. Béid Konflikter stinn awer e Méindeg um Ordre du Jour:
 
"Wéi gesot, d'Situatioun am Noen Osten ass um Ordre du jour awer och selbstverständlech d'Situatioun an der Ukrain, wou ech och do un Table-ronden deelhuelen, verschiddener wou mer nolauschtere ginn, verschiddener wou mer och schwätzen. Fir Iech elo ze soen, wat konkret erauskënnt, ass ganz schwéier. Dir wësst, dass d'Situatioun zimmlech verfuer ass. Ech géif mer wënschen, wa Positives géif erauskommen, mee dat weess keen."

Xavier Bettel: D'Sitatioun ass verfuer

Fir de Palästinenserpresident Mahmud Abbas ass et eng historesch Vollversammlung an nawell dierf hien net dobäi sinn. Hie krut kee Visa fir an d'USA ze reesen. Vun der Trump-Regierung heescht et, hien hätt sech net genuch géint Terrorismus agesat.
 
Dës Decisioun verstéisst géint UN-Reegelen a gëtt vu ville Staats- a Regierungscheffen schaarf kritiséiert.