Sech am Rollstull an der Stad deplacéieren, ass net ëmmer evident
Wat bedeit et fir Leit, déi zum Beispill blann sinn oder am Rullstull sëtzen, sech vun A op B ze deplacéieren?
Am Kader vun der Mobilitéitswoch konnt ee sech um Knuedler fir ee Moment an d'Haut vu Persoune mat enger Beanträchtegung versetzen. D'Gemeng Lëtzebuerg hat zesumme mat Acteuren aus dem Behënnerteberäich op e Sensibiliséierungsdag invitéiert.
Mat dobäi war och d'Carine Nickels. Si ass Presidentin vun der AVR a Member am Comité vun Info Handicap. Am Joer 2012 gouf hiert Liewe komplett op d'Kopp geheit. Si hat e schwéiere Verkéiersaccident an ass zënterhier queeschschnëttsgeläämt an op en elektresche Rollstull ugewisen.
Eng RTL-Ekipp huet si duerch d'Stad begleet an en Androck dovu kritt, wéi engen Obstakelen an Erausfuerderunge Leit mat spezifesche Besoinen ausgesat sinn. Et wier een, och duerch d'Accessibilitéitsgesetz, zwar um gudde Wee zu Lëtzebuerg, seet d'Carine Nickels, mee et géife plazeweis ëmmer nach grouss Baustellen. Dat wëssen och déi zoustänneg Politiker, déi ënnerstrach hunn, dass een op e puer Niveauen misst Barrièren ofbauen. Am wichtegste wier et, datt d'Gesellschaft sech de Besoine vu Leit mat enger Behënnerung géif bewosst ginn, fir besser ze verstoen an z'akzeptéieren, firwat gewësse politesch Decisioune géife geholl ginn.