"Ginn dovun aus, datt e wollt Mënsche verletzen an ëmbréngen"

Um drëtten Dag vum Prozess géint ee jonken Neonazi huet déi zweeten Enquêtrice vun der Police judiciaire ausgesot.
Si huet engersäits den Historique vun der Affär gemaach an dobäi gewisen, wéi wéineg Empathie den Ugekloten esouguer vis-à-vis vu Famill a Frënn huet. Anerersäits huet si konkret Beweiser dofir virgeluecht, datt hien Uschléi geplangt huet an nei Membere fir d’Organisatiounen The Base a Green Brigade rekrutéiert huet.
Den Tipp, datt den Ugeklote kéint geféierlech sinn, hat d’Police vum Geheimdéngscht kritt. «Den SRE huet eng reell Gefor gesinn» sou d’Enquêtrice, datt den Ugekloten e Sprengstoffattentat géing plangen. En hätt d’Wëssen an de Wëllen. Et géif «imminent Gefor an direkten Handlungsbedarf bestoen».
Vill méi wossten d’Polizisten net, déi den 22. Februar 2020 zu Stroossen op den Ugeklote gewaart hunn, wéi hie mat sengem Papp a senger Stéifmamm aus Schweden aus der Vakanz zréckkomm ass. Ob e vläicht Sprengstoff mat dobäi hätt?
Dofir hate si d’Unité spéciale mobiliséiert. Déi huet hien - an de Papp an d’Stéifmamm - aus dem Auto geholl. «Eng relativ rabiat Prozedur», sot d’Polizistin selwer. Dat huet den Ugekloten awer net impressionéiert. D’Enquêtrice huet eng Foto vum Ugeklote gewisen. Gemaach gouf si direkt no der Arrestatioun, wéi hien de Mask, deen en dobäi ugedoe krut, nees ofgeholl krut. Selbstsécher an iwwerzeegt schmunzelt hien do an d’Kamera. Keng Spuer vun Opreegung. D’Eltere waren der Ausso vun der Polizistin no e bësse méi duerch de Wand: «Déi hunn anescht ausgesinn.»
Iwwerhieflech an arrogant
A sengem Verhéier dono huet hien net kooperéiert, war iwwerhieflech an arrogant, esou d’Enquêtrice. D’Polizisten hu gefrot, wat am Haus z’erwaarde wier, fir sech an d’Leit ronderëm kënnen ze schützen. Dorop huet de jonke Mann vun tout juste 18 Joer geäntwert, hie géif sech net erënneren. D’Polizisten hätte jo Material, fir sech ze schützen a Substanzen ze detektéieren. Wärend sengem Interrogatoire huet d’USP Fotoe geschéckt an ugeruff. Wéi si de Frigo opgemaach hunn, huet eng Fläsch ugefaangen ze dämpen. Eng héichprozenteg Saier, wéi sech sollt erausstellen, déi d’Longen irreparabel ka verätzen. Schliisslech huet den Ugekloten zouginn, datt Nitroglycerin am Haus wier. Dat huet de Service Deminage direkt op der Plaz entsuergt. De Rescht vun de Substanzen ass de CGDIS siche komm, déi och net alles konnte stockéieren, well et ze geféierlech war.
Bei der Hausduerchsuchung goufen eng Onmass Naziuniforme fonnt, Messeren, Säbelen, Schwäerter, déi géint d’Waffegesetz verstouss hunn. Dem Ugekloten seng Sammlung.
Papp a Stéifmamm op Sprengstoff sëtze gelooss
Zwou Woche méi spéit sinn d’Beamten nach emol zréck gaangen. Bei dëser zweeter Perquisitioun hu si am Kannerzëmmer e fäerdegen IED, en «improvised explosive device" fonnt, eng selwer gebastelt Bomm aus engem Aluminiumrouer, mat Gips verkleet a mat pyrotechneschem Material gefëllt.
Mee virun allem hu si nach no Sprengstoff gesicht. Op Basis vum informatesche Material, dat si déi éischte Kéier matgeholl haten, ware se sécher, datt TATP - hausmaacher Sprengstoff – misst do sinn. Den Ugekloten hat engem Gläichgesënnte geschriwwen, datt en ëss gemaach hätt. An hien hat sech och selwer dobäi gefilmt, wéi en d’Flëssegkeete gemëscht an dunn duerch eng Kaffistut geschott huet, fir d’Kristallen erauszefilteren. Dës Kéier sinn d’Beamten fündeg ginn: Eng 50 Gramm – un Explosiounsstäerkt entsprécht dat enger militärescher Handgranat. Fir datt dat net géing lass goen, wärend den Ugekloten an der Vakanz war, hat hien den TATP «phlegmastiséiert». «En hat Ueleg drop geschott», esou d’Enquêtrice. Ma wat méi Deeg vergaange sinn, wat en ëmmer méi dréche ginn ass. An domat méi instabil an explosiv. Eng Gefor fir säi Papp a seng Stéifmamm, déi nees am Haus gewunnt hunn.
An der Spillschoul der Joffer den Doud gewënscht
Och soss huet et dem Ugekloten un Empathie gefeelt, wéi d’Enquêtrice u ville Beispiller aus sengem Schouldossier oder vun der Kannerpsychologin gewisen huet. Vu Klengem u wier de Beschëllegte gewaltbereet gewiescht. Ma och seng Erzéiung wier «speziell» gewiescht. Et wier zu physeschen Aggressioune géint seng Mamm komm. Senger Spillschoulsjoffer hat hien, an enger Reunioun wéinst sengem Behuelen, den Doud gewënscht. D’Reaktioun vun der Mamm: «My son has to express himself.”
D’Elteren hunn och de Laboratoire fir d’Sprengstoffgewënnung bezuelt. «Fir dausenden Euro Material». De Papp huet och alt gefilmt, wann den Ugekloten, deemools e Kand a militärescher Uniform, seng Mëschungen a Felder oder Wise ronderëm d’Haus getest huet. Dobäi hat den Ugeklote selwer eng Gasmask un, fir sech virun der Dampentwécklung ze schützen. Säi Papp net. Och seng puer Frënn, déi hien zu Lëtzebuerg hat, huet hie wärend Experimenter net geschützt, wéi aner Videoe weisen, wärend hie professionellt Material unhat. Engem vun hinnen hat hien emol eng kleng Quantitéit TATP-Sprengstoff mat an d’Schoul geholl, «als Gebuertsdagskaddo». «Eng immens Gefor fir seng Matschüler an d’Leit am Bus», esou d’Enquêtrice, «TATP ass immens explosiv».
«Hien hat seng Elteren total am Grëff», huet si erkläert. Um Schoulausfluch huet en d’Mamm en public vernannt, well si sech an enger Schlaang fir ze waarden nieft e Mann gestallt hat. Si wier schliisslech bestuet. Wéi hie sech op Septième eng Alkoholvergëftung gezwafft hat an dowéinst an d’Kannerpsychiatrie vum CHL iwwerwise gouf, war et seng Mamm, déi dono op d’Rendez-vouse mat der Psychologin gaangen ass. Hien huet refuséiert.
An Naziuniform nieft dem Chrëschtbeemchen
Soss hu seng Elteren den Ugekloten a sengen Interessen ënnerstëtzt. D’Enquêtrice huet eng ganz Rei Fotoe gewisen, wou den Teenager a sengen Naziuniforme poséiert. Den Elteren hir Erklärung dofir war, datt hien e Filmstage an den USA maache war. Dofir hat hien e Zenario geschriwwen. Titel: «Offizierpflicht», Synopsis: D’NS Wehrmacht waren Affer. Ma datt d’Eltere wierklech gegleeft hunn, all d’Nazidevotionalien wiere just fir de Filmdréi, dat huet d’Enquêtrice hinnen net gegleeft. Firwat hätte si de Fils soss an Uniform nieft dem Chrëschtbeemche fotograféiert?
Enquêteuren hunn den Eekel
D’Enquêtrice huet weider Beispiller fir säi Mangel un Empathie aus sengem Kommunikatioune gewisen. «Mir hate wierklech mat Momenter den Eekel», sot d’Enquêtrice. Firwat gouf kloer, wéi si eng vu senge Vidoeproduktioune gewisen huet, déi hien online gedeelt hat. Ënner dem Titel «Schindler’s List Funniest moments» hat hien op dat lëschtegt Lidd «Move it» aus dem Kannerfilm Madagaskar déi Zeenen zesummegeschnidden, an deene Judden deportéiert – Move it - oder erschoss goufen. Mat Kolleegen huet hien doriwwer gechat, vu wéi engem Alter un ee Kanner kéint ëmbréngen wéi Erwuessener, respektiv bis wéi een Alter si d’Recht hätten, näischt ze spieren, huet d’Enquêtrice gezielt. Si huet Memes gewise vum Ugekloten an Uniform mam Juedgmesser am Grapp: « Out n***er hunting». Op anere stoung: «kill n*gs lol» oder «no political solution”.
Hires Wëssens no huet den Ugeklote weder wärend senger Untersuchungshaft vun néng Méint nach dono eng psychologesch Betreiung akzeptéiert oder soss e Programm fir seng Deradikaliséierung matgemaach.
Aus der Untersuchungshaft eraus huet hien engem gläichgesënnte Kolleeg an Holland en handschrëftleche Bréif geschriwwen – dee bei deem senger Verhaftung saiséiert gouf. «Mir haten net mat engem Béifchen ze dinn, dee sech verrannt hat. Hien huet sech déi ganzen Zäite behaapt», esou d’Enquêtrice.
E Google Doc mat Attentatsziler
Si huet sech awer och beméit ze beleeën, datt den Ugekloten Attentater konkret virbereet huet, datt hien aktiv an de Rekrutement vun neie Membere fir d’Organisatioune Green Brigade an The Base involvéiert war, dës ausgebilt huet a Propaganda fir d’Organisatioune gemaach huet.
Aus senge Kommunikatioune mat sengem Frënd an Holland geet ervir, datt en hien encouragéiert huet, fir op Google Maps elektresch Ëmspan-Wierker ze lokaliséieren, déi ee kéint sprengen. Wéi schonn d'Bommeleeër viru 40 Joer hate si elektresch Infrastruktur als einfach Targets identifizéiert. Net vill bewaacht, ma hir Zerstéierung riskéiert, gréissere Chaos ze verursaachen – wouraus sech, wéi d’Membere vu The Base hoffen, de Rassekrich entzünt. «You got to help me bro. we need to compile a massive list like this for us and our eco bretheren» E Google Doc mat potenziellen Ziler fir Green Brigade war an der Maach. Den Ugekloten huet versicht, dëse Kolleeg z’iwwerzeegen, volle Member bei the Green Brigade ze ginn, well do méi lass wier, wéi an aneren Organisatiounen. «We take real world action», huet hien ëm geschriwwen.
Wann en net verhaft gi wär, hätt e probéiert, Pläng ëmzesetzen
An de Méint viru senger Verhaftung, esou d’Enquêtrice «hat hien ausser Schoul keen anere Liewensinhalt. Hie war just mat senger Ideologie a sengen Attentatspläng beschäftegt.»
Fir si ass dofir kloer: « Mir ginn dovun aus, datt e wollt Mënsche verletzen an ëmbréngen. A wann en net verhaft gi wär, probéiert hätt, een oder méi vu senge Pläng ëmzesetzen.»
An datt The Base géing terroristesch Ziler verfollegen, dat war dem Ugekloten duerchaus kloer, wéi hien do Member ginn ass; och dat beleeë Kommunikatiounen. Knapps war hien dat - Member -, huet hie gehollef, neier fir déi schweedesch Zell vu The Base rekrutéieren an huet beim «Vetting», der Iwwerpréiwung matgemaach. Net jidderee wollt Member ginn. Eng Tentative ass net gegléckt, well sech dunn erëm geschwat hat, datt The Base infiltréiert gi war. Ma den Ugekloten hat d’Vertraue vun de Fondateuren. “Trust only 2 EU members and you are one of them“, krut hie vum Vettingchef perséinlech geschriwwen. Den Ugeklote war och fläisseg. Hien huet anere Memberen Uleedungen, fir Sprengstoff ze maachen a Bommen ze bauen, geschéckt, och dat léisst sech a senge Chats noweisen. Engem vun hinnen huet hie geroden: “Make sure that it will detonate.” Firwat, koum d’Fro zeréck. “If it doesn’t there would be a trove of evidence for police.”
D’Enquêtrice ass sech sécher: «Mir zweiwele kee Moment drun, datt e wëlles hat, seng Fantasien a Realitéit ëmzesetzen.»
De Prozess geet déi aner Woch weider. D'Unschuldsvermutung gëllt, bis e rechtskräftegt Urteel gesprach gëtt.