D'Equippe vum CGDIS haten an de leschte Stonne vill ze dinn.  Si melle ganzer 12 Blesséierter op eise Stroossen zanter e Freideg spéiden Nomëtteg.

Ugefaange géint 16h50, do krute sech um CR163 bei Obeler zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Kuerz no 18 Auer war de Samu am Asaz wéinst engem Blesséierten no engem Accident tëscht Capellen an Ollem.

Bei engem Accident tëscht engem Moto an engem Auto kuerz no 19 Auer huet de Rettungshelikopter missen an den Asaz. Dat war tëscht Bidscht a Wolz.

Géint 20.50 Auer hat et zu Munneref an der Avenue Lou Hemmer gerabbelt. Do waren 3 Persounen zu Schued komm. Kuerz drop war et nach eng Kollisioun tëscht zwee Ween an engem Blesséierten zu Hollerech.

Allkéiers ee Blesséierte gouf et nach bei aneren Accidenter, dat zwee Mol zu Hollerech, zu Gilsdref a géint 3.45 Auer nach op der Escher Autobunn a Richtung Stad. Do war en Auto an de Gruef geroden an zwou Persoune blesséiert ginn.