Am Kader vum Tour de Luxembourg
Polizist mat Motorrad gefall a schwéier blesséiert

E Sonndeg ass et am Kader vum Tour de Luxembourg zu engem Accident komm, bei deem e Polizist mat sengem Motorrad gefall ass.
Wéi d'Police eis op Nofro matgedeelt huet, war éischten Erkenntnisser no keen anert Gefier an den Accident implizéiert. De Beamte gouf schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht.
Geschitt ass d'Chute 28 Kilometer virun der Arrivée. De Motocyclist war virum Mats Wenzel gefuer, deen deen Ament un der Spëtzt vun der Course war. De Cyclist huet nach d'Leit hannendrun op d'Chute higewisen, wéi een op de Livebiller op RTL Télé Lëtzebuerg gesinn huet.
Am meeschte gelies