958 ukrainesch Kanner waren op den 1. Juli an ëffentleche Schoulen ageschriwwen

Aktuell sinn 3.671 Leit hei am Land déi eng temporär Protektioun hunn, dorënner 3.543 mat der ukrainescher Nationalitéit.
Bei den 128 Persounen, déi net déi ukrainesch Nationalitéit hunn, handelt et sech ëm Leit, déi virum Krich an der Ukrain gewunnt hunn. Dat äntweren direkt 5 Ministeren op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
958 ukrainesch Kanner waren op den 1. Juli an ëffentleche Schoulen ageschriwwen. Wat d’Grondschoul ugeet, stellt ee fest, dass d’Zuel vun de sougenannten allongements de cycle vun ukrainesche Kanner ënnert der nationaler Moyenne läit. Dat géif op eng séier a gutt Integratioun am nationale Schoulsystem hindeiten, déi et hinnen erlaabt, trotz der fir si dacks neier an nach schwiereger Situatioun, déi néideg Kompetenzen ze entwéckelen an hire schoulesche Parcours beschtméiglech weider ze féieren.
Am Juni haten d’EU-Memberstaaten unanime decidéiert, déi temporär Protektioun fir Persounen aus der Ukrain ëm ee weidert Joer, bis Mäerz 2027, ze verlängeren.