Déi allermeeschte Leit hei am Land ginn antëscht quasi all Dag mat falschen E-Mailen, falsche Gewënnspiller oder falsche Policebréiwer belästegt.

An dësem Fall handelt et sech ëm eng vu KI generéiert Pub, fir op ee suspekte Link ze klicken.

Et gëtt op en Interview verwisen, wou d'RTL-Journalistin Mariette Zenners an engem Interview am Kloertext beim Caroline Mart soll erkläert hunn, wéi ee via d'Plattform TokenCore soll aus 250 Euro bannent 12-15 Wochen eng Millioun Euro maachen.

RTL

Andeems suggeréiert gëtt, den Interview wier bei der tagesschau verëffentlecht ginn, wëllen déi Onéierlech d'Vertraue vu de Leit gewannen.

Et gëtt behaapt, d'Madame Zenners hätt wëllen 20.000 Euro bezuelen, fir dass den Numm vun der Software net genannt gëtt, si hätt sech do an der Live-Sendung verschwat. De ganzen Interview ass esou zesummegestallt, wéi wann en op der Noriichtesäit vun der "tagesschau" verëffentlecht gi wier, mat och Screenshots, wou ee géif gesinn, wéi dann och d'Caroline Mart soll bannent nëmme puer Minutten direkt Sue verdéngt hunn iwwert déi TokenCore-Plattform.

RTL

Aus der Sendung "Kloertext" gouf an dësem Screenshot op eemol "Forum", woubäi den Artikel mat "Illner" ugefaangen hat.

Kreativ sinn déi Onéierlech, well spéider gëtt souguer geschriwwen, d'Live-Sendung hätt mussen ënnerbrach ginn, well d'Lëtzebuerger Zentralbank an d'Redaktioun ugeruff hätt.

Weider gëtt drop verwisen, dass de Chefredakter vun der tagesschau d'Kryptowärungsplattform perséinlech iwwerpréift hätt, an och hien hätt bannent kuerzer Zäit massiv Gewënn gemaach... iwwer 4.000 Euro bannent enger Woch. Méi spéit gëtt dann och nach e Konto-Auszuch vun der BGL BNP Paripas gewisen, wou um Enn solle 35.564,63 Euro zesummekomm sinn, no engem Invest vu just 270 Euro.

Dat ass wéi gesot alles Fake a Bedruch. 

Dobäi kënnt nach, dass den Artikel, deen um Site vun der Tagesschau soll verëffentlecht gi sinn, als Iwwerschrëft do stoen huet "TV-Eklat bei Illner", woumat da wuel d'Maybrit Illner gemengt ass, déi awer näischt mat der Sendung Kloertext bei RTL Lëtzebuerg ze dinn huet. Et ginn deemno eng Hellewull un Indicen, déi een drop brénge sollten, dass dëst einfach just alles komplett erfonnt an zesummegewierfelt ass, just fir de Leit Suen aus der Täsch ze zéien, andeems se dann op e Link klicken, fir och mat engem klengen Asaz vill Suen ze verdéngen.

Sollt Dir dësen oder en änleche Message, respektiv Pub an de soziale Medie oder och anere Medienhaiser gesinn, kënnt Dir déi Contenue selwer mellen. 

Hei nach en änleche Fake-Post op Facebook mat erfonntem Interview

An der lescht goufen et ëmmer méi där Arnaquen um Internet a speziell op de sozialen Netzer, zum Beispill hei mam Jean-Claude Juncker oder hei mam Lynn Cruchten.