Accidenter mat elektreschen Trottinetten huelen zou

© Michael Nguyen / NurPhoto via AFP
D'lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg 42 Accidenter gezielt. Dobäi goufe 14 Persoune schwéier blesséiert. D'Zuele klamme par Rapport zu de Jore virdrun.
Et ass d'Äntwert vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. Nieft de 14 Schwéierblesséierte war et 28 mol bei méi liichte Blessure bliwwen.
Et muss ee preziséieren, dass an der Kategorie vun den MVE (Micro véhicule électrique) net just elektresch Trottinetten, mee och Segwayen oder Hoverboards mat abegraff sinn.
De Statec registréiert d’Accidenter mat esou Gefierer eréischt zanter véier Joer. 2021 gouf et 11 Accidenter, 2022 waren der 27 gezielt ginn an 2023 war et zu 19 Tëschefäll komm. Deemno war et d'lescht Joer eng däitlech Hausse vun den Accidenter.