CSSF approuvéiert israeelesch Staatsemprunte fir den europäesche Finanzmarché

© RTL Archiv
D'CSSF huet de Prospekt approuvéiert, op Basis vun deem israeelesch Staatsemprunten op den europäesche Finanzmäert kënnen ugebuede ginn.
Dës Autorisatioun gëllt fir déi nächst 12 Méint. Dës Approbatioun huet an Irland fir vill Schlagzeile gesuergt, well se bis e Sonndeg vun der irescher Zentralbank gemaach gouf, déi dowéinst vill Kritik krut. Datt déi iresch Autorisatioun ofgelaf ass, huet den ireschen Zentralbankchef der Finanzkommissioun vum iresche Parlament offiziell matgedeelt, wéi iresch Medie mellen.
Déi hat d’Zentralbank dozou opgeruff, se soll ophalen, d’Vente vun israeelesche Krichsemprunten ze facilitéieren.
D’Autorisatioun vun der CSSF gëllt fir verschidden Zorte vun Emprunten. Wat d’israeelesch Regierung mat de Sue mécht, dat gëtt am Prospekt net preziséiert. Do dran heescht et just, den Erléis vun den Emprunte géif fir déi generell finanziell Besoinen vum Emetteur agesat ginn: "The net proceeds from the issue of the Bonds are intended to be used for the general financing purposes of the Issuer."
Op der Websäit vun der Development Company for Israel, iwwert déi d’Emprunten ugebueden ginn, steet: "Stand with Israel, Buy Israel bonds, Now ist the time."
RTL huet d’CSSF an d’Regierung kontaktéiert, fir nozefroen, ob et mat der Regierung ofgeschwat war, datt d’CSSF dës Aufgab iwwerhëlt. Hei de Prospekt als PDF.
CSSF-Decisioun stéisst op Kritik
Lëtzebuerg däerf net zum Kompliz vun engem Vëlkermord ginn, esou reagéieren déi Lénk op d'Nouvelle, datt d'Lëtzebuerger Finanzopsiicht de Prospekt approuvéiert huet, mat deem israeelesch Staatsemprunten op den europäesche Finanzmäert proposéiert kënne ginn. Domat géing een aktiv d'Militärpolitik vum Premier Netanjahu mat finanzéieren, déi géint Vëlkerrecht verstéisst.
Mat Bléck op en Urteel vum internationale Strofgeriichtshaff sollt Lëtzebuerg - wéi Irland - Weeër fannen, fir déi Autorisatioun ze verhënneren. D'Regierung misst dofir direkt intervenéieren, verlaangen déi Lénk.
Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt an d'Positioun vun der Regierung heizou gefrot.