Wat ass de Modérateur de réajustement? De François Aulner mat Erklärungen dozou.

No der drëtter Sozialronn e Mëttwoch waren d'Gewerkschafte frou, datt se dat, wat se als Ugrëff oder Verschlechterunge fir d'Salariéen ugesinn hunn, konnte limitéieren. Besonnesch enttäuscht ware si awer, well si gär gehat hätten, datt eng Mesure aus der Pensiounsreform vun 2012 ofgeschaaft gëtt: de Modérateur de réajustement. En technesche Begrëff, hannert deem awer scho puer Euroe stiechen.
 
Fir d'éischt muss een erklären, wat de Reajustement ass an direkt ënnersträichen, datt et sech net ëm d'Revalorisatioun handelt, déi beim Antrëtt an d'Pensioun spillt. De Reajustement ass awer och eng Upassung vun de Renten un d'Lounentwécklung, also ewéi d'Moyenne vun de Léin am ganze Land sech entwéckelt huet, mee de Reajustement trëtt all Joer an. Wichteg ass och z'ënnersträichen, datt de Reajustement eng Upassung nieft dem Index ass, deen d'Renten, ewéi d'Salairen, un d'Präisentwécklung upasst.
 
D'lescht Joer war de Reajustment 1,1% an um 1. Januar dëst Joer war et souguer eng Hausse vun 1,6% vun all de Renten. Op enger Mindestrent vun 2.350 Euro waren dat ronn 38 Euro de Mount méi. 64 bei enger Rent vu 4.000 Euro. Bei enger Rent vun 8.000 Euro waren et 128 Euro. Brutto. 
 
Wann d'Pensiounskeess d'lescht Joer bal 7 Milliarden u Leeschtunge ausbezuelt huet, wäerten hir Depensen dëst Joer eleng wéinst dem Reajustement op d'mannst ëm 110 Milliounen Euro geklomme sinn.

Modérateur = Brems op Säite vun den Depensen

Elo de Modérateur vum Rentenajustement: dee gouf wéi gesot mat der Renteform vun 2012 vun CSV an LSAP agefouert. De Modérateur - ewéi d'Wuert et seet – sollt d'Upassung un d'Lounentwécklung moderéieren, also an anere Wieder: bremsen. Awer just am Fall, wou d'Depensë vun der Pensiounskeess iwwert de Recette läit.
 
Am Jargon seet ee wann "d'Prime de répartition pure iwwer 24% läit". Méi einfach ass et esou wéi d'Sozialministesch Martine Deprez et de leschten Donneschdeg op Nofro hi genannt huet: wann e Lach an der Kees ass.

"Konkret, wa mer elo géingen iergendwann eng Kéier e Lach kréien, zum Beispill 2030, da muss dat Lach 2031 festgestallt ginn. Mir brauche jo ëmmer dann ee Joer, bis mer dat feststellen, an dann 2032 misst dann e Projet de loi deposéiert ginn, wou d'Regierung da seet, ma mir hu lo festgestallt, mir hunn e Lach, d'Pensioune géifen elo ëm 1 % adaptéiert ginn, nächste Januar, mir proposéieren se guer net ze adaptéieren oder just zu 0,25 ze adaptéieren oder just zu 0,50 z'adaptéieren."
 
D'Sozialministesch seet "zum Beispill 2030", mee dat ass och den neie Stéchdatum no den neie Previsiounen. Virdru war et d’nächst Joer schonn, mee deen Datum réckelt duerch d’Cotisatiounshausse no hannen.

E politesche Bléck an d’Vergaangenheet an haut

De Rentenajustement gouf iwwerhaapt scho vill a Fro gestallt. Am Debat iwwert d'Rentereform am Dezember 2012 hat d'DP gefuerdert, datt de Reajustement ganz ofgeschaaft gëtt. D'ADR war och där Meenung, ausser fir kleng Renten. Den CSV-Deputéierte Serge Wilmes, deen deemools aus Siicht vun de Jugendleche fonnt huet, d'Reform géing net wäit genuch goen, sot de Modérateur sollt automatesch gräifen, wann e Lach an der Keess ass (hien huet awer als Majoritéitsmember fir d'Reform gestëmmt). De Robert Weber war den eenzegen CSV-Deputéierten, dee géint d’Reform gestëmmt huet, well hien ewéi d'Gewerkschafte vun deemools Verschlechterungen dra gesinn huet. Esou och den LSAP-Deputéierte Roland Schreiner, dee sech beim Vott enthal huet.
 
Interessant ass, datt 2012 de sozialistesche Minister Mars Di Bartolomeo vu lénks wéinst dem Modérateur a manner héich Rente kritiséiert gouf, mee vun DP an aneren, well seng Reform net wäit genuch géing goen. Ewéi sech erginn huet, war se fir eng Dose Jore gutt. Dee Reproche kritt zanter leschter Woch och de Premier Luc Frieden vun der Oppositioun gemaach, well déi nei Propositioune vun der Regierung de finanzielle Problem vun der Pensiounskeess just ëm 3 bis 5 Joer no hanne verréckele wäert. Virun de Sozialronne wollt de Luc Frieden jo méi wäit goen, mee hei gouf hie kritiséiert well hie keng Kotisatiounserhéijunge wollt, mee d'Leit wollt méi laang schaffen doen. Dat gouf vun de Gewerkschaften a Manifestanten als eng eesäiteg Approche géint d'Salariéen empfonnt.
 
Interessant ass och, datt deemools 2012, een dovunner ausgaange war, datt trotz der Reform, de Moment, wou d'Depensë vun de Pensiounskeess iwwert de Recette géing leien, schonn am Joer 2020 wier. Also 5 Joer éischter ewéi et elo de Fall war. Dat schwätzt fir d'Argument vun de Gewerkschaften, datt d'Projektioune meeschtens ze pessimistesch gewiescht wieren. Et ännert awer näischt drun, datt mat der Veralterung vun der Populatioun an der Lounentwécklung no Uewen - gekoppelt un Upassungen no uewen - e finanziellt Lach iergendwann awer kënnt an et dann déi nächst Generatioune sinn, déi wäerte mussen aboussen.

Klenge "fun fact" um Schluss

Kuerz no der Reform 2012 war d'duerchschnëttlech Lounentwécklung zu Lëtzebuerg negativ – wat ganz rar ass. U sech hätt de Reajustement missten eng Kierzung mat sech bréngen. Ma d’Chamber huet dat op der Säit gelooss, well de Previsiounen no dee Moment scho kloer war, datt d’Lounentwécklung dat Joer drop nees positiv wier. Nee, et war net wéinst de Walen: aus de Comptes-rendue vun de Chamberkommissioune vun deemools liest een eraus, datt et gewiescht wier, fir ze verhënneren, datt d’Rente bannent 2 Joer erop an erofginn.