De Weekend goufen der Police nees eng Rei Abréch gemellt – zu Hollerech sinn d'Täter net dervukomm.

Am Stater Quartier Hollerech hate sech e Samschdeg den Owend Täter Zougang zu engem Méifamilljenhaus verschaaft, an deem si dann eng Wunneng duerchwullt an ënner anerem Boergeld matgeholl hunn. D'Sichaktioun vun der Police, déi kuerz drop ageleet gouf, hat Succès. Déi dräi presuméiert Täter konnte festgeholl ginn a Protokoll gouf erstallt.

Ee weideren Abroch gouf et dann e Sonndeg am fréie Moien an eng Residenz op der Route de Luxembourg zu Luerenzweiler. Hei war eng Persoun duerch eng Kellerfënster an d'Gebai komm an huet doropshin en Handy an eng Auer geklaut. D'Ermëttlunge goufen hei an d'Weeër geleet.

Wéi ee sech preventiv géint Abréch schütze kann, kënnt Dir um Site vun der Police noliesen.