504 nei Wunnengen goufen zejoert geschaaft. Domat gouf et 2024 en Total vu 4.226 Unitéiten am abordabele Logement hei am Land.

Logementskommissioun an der Chamber / Reportage: Claudia Kollwelter

Wéi geet et viru bei den ëffentleche Promoteuren am Land? Déi Fro stoung en Donneschdeg an der Logementskommissioun an der Chamber am Fokus, bei där de Fonds du logement an d'SNHBM hire Joresrapport vun zejoert presentéiert hunn.

504 nei Wunnengen goufen zejoert geschaaft. Domat gouf et 2024 en Total vu 4.226 Unitéiten am abordabele Logement hei am Land. Den Direkter vum Fonds du Logement Jacques Vandivinit huet betount, datt een an den nächste Jore vun den ënner 100 op 150 Unitéiten d'Joer géif klammen an an den nächste 5 Joer esouguer op 250 Unitéite pro Joer an der Moyenne. Aktuell hätt een 200 bis 240 Projeten, déi amgaange wieren, realiséiert ze ginn:

"Vu Projete wéi d'Frichen, wou iwwer 1.000 Logementer bis zu 2.000 Unitéite geschaaft ginn, bis zu Baulücken, wou ebe just een oder zwee Appartementer kommen, déi sinn opgedeelt op déi Gruppen. An natierlech, wat ee méi an den Norde geet, mat Ausnam vu Wolz, well d'Projeten oft méi kleng sinn. Mee an de Südgemengen hu mer vill och Projets d' envergure, déi vläicht net Dausenden, mee awer Honnerte vun Unitéiten duerstellen."
 
Ma de Fonds du Logement wier net eleng d'Léisung fir d'ganzt Land. 
 
"An ech mengen, do mussen anerer och vläicht, ech soe mol, vun de Logements inabordable e bësse méi erofkommen an eng bësse méi Mëttelschicht, wou ee vläicht muss aner Projeten ëmsetzen, anescht virgoen. Mir wäerte probéieren, och aus Mixitéitsgrënn, méi e grousst Breetband vun der Gesellschaft Logementer kënnen unzebidden. Mee mir eleng, och net mir zwee zesummen, mir Promoteurs public, eleng wäerten natierlech net kënnen déi do Volummen hierstellen, déi de Statistiken no gebraucht ginn." 

Den Direkter vun der SNHBM Guy Entringer dann huet betount, datt ee bis September dëst Joer esou vill Wunnenge verkaf hätt, wéi am ganze leschte Joer zesummen. 60 Wunnenge goufen zejoert an der VEFA verkaf, dëst Joer läit ee scho bei 78. De Volume wier an de leschte Joren drastesch eropgesat ginn a soll och nach an Zukunft weider klammen:
 
"Mee mir hunn d'Vente absolutt ënner Kontroll. Mir wäerten déi Clientë fannen. A fir Iech a fir jiddereen ass et ganz wichteg, et steet keng Wunneng eidel, déi fäerdeg ass. All déi Wunnengen, déi ech Iech opgezielt hunn, sinn en cours de construction. Well d'SNHBM verkeeft ëmmer, an dat ass och en Ënnerscheed zum Fong, an der VEFA. Dat heescht, mir sichen de Clientë vu vir un. Wärend der Konstruktiounsphas kann ee scho kafen, da kann en nach seng Plätsche selwer aussichen. Et ass keng Wunneng fäerdeg, déi elo eidel do ronderëm steet."
 
669 Milliounen Euro goufen zejoert an den abordabele Logement investéiert an de Staat huet 228 Logementer an der VEFA kaf, genee wéi 11,9 Hektar Terrain uechter d'Land, op deene ronn 400 zousätzlech Wunnenge kënne gebaut ginn. 
 
De Logementsminister Claude Meisch huet iwwerdeems betount, datt de Logement abordable weider eng Prioritéit bleift an essentiel fir d'Stabilitéit an d'Attraktivitéit vum Land ass.