Mënsche mat Beanträchtegung solle méi staark an den Alldag integréiert ginn

© Chris Meisch
Gutt iesse goen am Restaurant, een an de Café drénke goen oder eng Nuecht am Hotel schlofen, fir vill Leit ass dat e ganz normale Rendez-vous am Alldag.
Fir Mënsche mat enger Beanträchtegung gesäit d’Realitéit dacks anescht aus: Trapen, enk Raim, vill Duercherneen, oder och komesch Blécker a Virurteeler, maachen hinnen den Alldag méi schwéier. Mat engem neie Projet mam Numm "Bewosst" wëllen de Ministère, Info-Handicap an d'Horesca dës Barrièren ofbauen – net nëmmen déi physesch, mee och déi an de Käpp. Mënsche mat enger Beanträchtegung solle méi staark an den Alldag integréiert ginn. An engems geet et drëms d’Gesellschaft fir den Ëmgang mat hinnen ze sensibiliséieren.
Hannert dem Begrëff Beanträchtegung verstoppen sech ganz ënnerschiddlech Realitéiten – vu kierperlechen iwwer sensoreschen bis hin zu psychesche Beanträchtegungen. Zu Lëtzebuerg sinn 15% vun der Populatioun betraff. Dat si Ronn 100 Dausend Leit. Dovun hunn 80% uginn datt een hinnen vu baussen näischt umierkt. Dat ass och de Fall beim Joanne Theisen, si ass Autistin an huet ADHS, a muss sech all Dag mat Contrainten ausenanersetzen. D‘Gespréich mat hir huet gewisen, wéi och kleng Momenter eng Erausfuerderung kënne sinn.
„Et war elo vill, et war Opreegung, et war Neies an dat fuerdert hält vill mental Kraaft. Ech mierken, dass ech den Ament sensoresch a mental op engem Punkt sinn, wou de Kapp einfach seet lalalala . An dann hëlleft zum Beispill Gedold. Gedold, versécheren et ass OK, du kanns dir Zäit huelen, Frëndlechkeet an och nofroen: wat leeft grad, wat kanns du grad gebrauchen, wei geet et dir, wéi kenne mir dat maachen, fir dass dat hei funktionéiert.“

© Chris Meisch
Mënsche mat enger Beanträchtegung wënsche sech respektéiert, gesinn, wäertgeschat an ënnerstëtzt ze ginn. Duerfir misst een de Leit d'Beréierungsängscht huelen, seet d'Directrice vun Info Handicap Christine Zimmer.
"Mir sinn all Mënschen a mir liewen all zesummen hei an der Mëtt vun eiser Gesellschaft, an do ass et einfach wichteg, dass mir d‘Leit doriwwer opklären, dass net alles bei jidderengem nämmlecht ass, an dass mir wierklech solle Versteesdemech hunn, och wa Leit aner Besoin‘en hu, wéi mir selwer."
An der Mëtt vun der Gesellschaft ass och den Horecasecteur, wou Leit beienee kommen an do wou d‘Liewe sech ofspillt. Dofir wier et wichteg hei mam Projet „Bewosst“ unzefänken, erkläert de Steve Martinelli, Generalsekretär vun der Horesca.
"Mir fänken elo mol un e Méindeg, mat eiser Konferenz, wou mir wierklech sensibiliséieren. Dat heescht, et geet elo mol haaptsächlech drëms, d‘Betriber ze sensibiliséieren. Dann an enger zweeter Phasen hu mir dann d‘Heures silencieuses, wou mir och matmaachen den 3. Dezember. An dann an Zukunft, wéi gesot wäerte mir weider Projet‘e presentéieren, déi mir zesumme wäerten ausschaffen."
De Projet „Bewosst“ ass an Zesummenaarbecht tëscht der Horesca, Info-Handicap an dem Familljeministère, entstanen, fir nieft den architektoneschen, physikalesche Barrièren, och d‘Barrièren aus de Käpp ofzebauen, sou de Max Hahn. Den Horeca Secteur wier awer nëmmen den Ufank.
"Mir wëssen awer, dass och aner Secteuren, wéi zum Beispill den Zänndokter, de Bäcker, d‘Epicerie do gëllen déi Reegelen, déi mir hei wäerte probéieren ze recommandéieren an de Leit méi no ze bréngen, déi ganz Sensibiliséierungsaarbecht wäert och an deenen dote Beräicher kënne genotzt ginn, an dat gesi mir an enger zweeter, drëtter a véierter Phasen och vir."
De Projet soll – esou den zoustännege Ministère – och d’Patronen encouragéieren, Leit mat enger Beanträchtegung eng Aarbechtsplaz unzebidden.
D'Konzept vun de sougenannten "heures silencieuses", wou d'Beliichtung gedimmt an d'Musek méi lues gedréit gëtt, gëtt et elo schonn a 34 Geschäfter. D'Resonanz wier duerchsees positiv. An der Restauratioun geet et an also och och zum Deel op dëse Wee.