Zu Boufer ass enger Patrull vun der Police op der Lëtzebuerger Strooss e Brand an enger Bushaltestell opgefall, dat op der Héicht vum Altersheem.

Well d'Bushaischen aus Bëton war, huet d‘Feier d‘Struktur awer net weider ugegraff. An der Géigend hunn d‘Beamten ee Mann ugetraff, deen alkoholiséiert war an direkt zouginn huet, de Brand geluecht gehat ze hunn. Him wier kal gewiescht, an hien hätt wëlles gehat, am Bushaischen ze schlofen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet protokolléiert a koum an d’Ausniichterungszell.