An de Kannaniuuss dës Woch: Euroskills, Fabricken am Weltall, Schoulrentrée
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Hei kucke mer op d’Schoulrentrée, a wéi d’Zuel vun de Schüler am Fondamental geklommen ass. Soss geet et ëm d’Schueberfouer, déi zanter dem 10. September eriwwer ass, an och ëm de Andrea Galleti, de Sänger vu One Last Time, deen dëst Joer bei der 15. Editioun vun The Voice of Germany matmécht. An dann nach Fabricken am Weltall an d’Produktioun vu Medikamenter an der Schwéierkraaft, eng kuerz Erklärung zu de russeschen Dronen a Rumänien a Polen an och d’Liichtathletik-WM zu Tokyo.
An am Reportage duerno geet et ëm d’Euroskills an Dänemark, wou d’Participanten an hire jeeweilege Beruffer op der Europameeschterschaft géinteneen ugetruede sinn.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d'Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an et ginn och reegelméisseg Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes