Wann e Kand wéinst haislecher Gewalt, Mëssbrauch oder Vernoléissegung net a senger Famill bleiwe kann, muss dacks séier eng Opfangstruktur fonnt ginn.

Neie Centre d'accueil d'urgence zu Diddeleng / Reportage: Monica Camposeo

A sougenannte "Centres d’accueil d’urgence" kënne Kanner kuerzfristeg ënnerkommen. Bannent dräi Méint soll dann eng Evaluatioun gemaach ginn, fir ze definéieren, wéi et weidergeet. Eng nei Struktur vun der AITIA, dem staatlechen Institut fir d'Kanner- a Jugendhëllef, fir esou Urgencë gouf e Mëttwoch zu Diddeleng offiziell ageweit.
 
5 Bëbeeën a 4 Kanner kënnen opgeholl ginn
 
D'Haus beim Park Le'h, an deem 9 Kanner tëscht 0 an 12 Joer kënnen ënnerkommen, ass schonn zanter dem 3. Juni operationell. Fir d'Aweiung goufen d'Kanner awer temporär op anere Plazen ënnerbruecht. Aktuell huet d'Struktur "Am Park" 6 kleng Bewunner tëscht 0 a 4 Joer. Verschiddener hätten no engem kuerzen Openthalt och nees kënnen an hir Famill zeréck goen, esou d'Lynn Karen, Responsable pédagogique bei der AITIA. An den nächsten zwou Woche solle weider zwee Kanner an d'Diddelenger Struktur bäikommen. 
 
"Et gesäit éischter duerno aus an Zukunft, wéi wann d'Offer leider net méi kleng, mee éischter méi grouss nach misst ginn", dat sot op der Aweiung de Romain Lies, operationelle Chef vun der AITIA. Dowéinst wier et och dem Educatiounsminister Claude Meisch no wichteg, méi esou Strukturen ze schafen. Och wann d'Plaze fir d'Urgencen nëmmen temporär sinn, wiere se awer wichteg fir sech e Bild vun der Situatioun kënnen ze maachen, ier d'Kand méi laangfristeg ka placéiert ginn. Oder och zeréck a seng Famill kann, wa sech d'Situatioun verbessert. "Ech denken, dass dat heiten och e méi qualitativen an och e méi kandgerechten Accueil ass", esou den zoustännege Minister. Dowéinst wieren och nach weider esou Strukturen uechter d'Land geplangt.

D'Kanner kënne vun iwwerall kommen
 
D'Kanner, déi an d'Struktur "Am Park" en temporäert Doheem fannen, kënne vun iwwerall uechter d'Land kommen. Deemno gi si fir d'Dauer vun hirem Openthalt och an eng Diddelenger Schoul. D'Zesummenaarbecht tëscht den Acteure géing gutt fonctionéieren, esou den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. Et kéint een op eng gewëssen Erfarung zeréckgräifen. Schonn an den 80er Joren hunn zu Diddeleng déi éischt Accueil-Strukturen opgemaach. Deemools nach als staatlech Kannerheemer. 
 
Duerch d'Accueil-Struktur, déi besonnesch dréngend Fäll unhëlt, sollen d'Kanner an enger Noutsituatioun trotzdeem Gebuergenheet fannen. Fir d'Nathalie Gianotti, Direktesch vum staatlechen Institut fir d'Kanner- a Jugendhëllef AITIA, ass dowéinst d'Zesummenaarbecht mat ënnerschiddleche Professionelle wichteg. Och eng Hiewan kënnt reegelméisseg fir no de Besoine vun de klengste Bewunner ze kucken. Den éischte Puppelchen, deen am Centre d'accueil d'urgence opgeholl gouf, hat nëmme 6 Méint. "All Kand", esou d'Direktesch vun der AITIA, "huet d'Recht op Stabilitéit a Respekt", an dat besonnesch an enger schwéierer Situatioun.