10 Joer Partenariat - 10 Joer Resultater, esou de President vun der UEL

© ADEM
Zesummen erreecht ee seng Ziler dacks méi séier. D'ADEM an d'UEL wëssen dat an hu virun 10 Joer hiert Partenariat fir den Emploi lancéiert.
Dëse ronne Gebuertsdag gouf en Dënschdeg den Owend an der Chambre de Commerce gefeiert an do goufen et vill zefridde Gesiichter.
Wéi dës Zesummenaarbecht virun 10 Joer ugefaangen huet, goung et virop drëms, datt d'Entreprisë sech méi bewosst ginn, dass et intressant kéint sinn, mat der ADEM zesummenzeschaffen, erënnert sech hir Direktesch d'Isabelle Schlesser.
"Dass et net nëmmen eng Obligatioun ass, e Formulaire auszefëllen, fir seng Plazen ze mellen, mä dass do eng Ekipp hannendrun ass, déi och à l'écoute ass, déi versteet, wat d'Besoine vun den Entreprisë sinn, fir déi richteg Kandidaten dann ze fannen. Dat war wierklech dat éischt Zil. Mir hunn dat Partenariat ëmmer fir 3, 4 Joer gemaach an et dann renouvelléiert an do hu mir iwwert déi Joren op ganz verschiddene Sujete geschafft."
Dat éischt Zil ass erreecht, wann een dem President vun der Unioun vun den Entreprisen, dem Michel Reckinger nolauschtert: "D'Betriber kennen d'Chômeuren net an d'Chômeuren kennen dacks d'Betriber net an do brauch een eng ADEM, déi wierklech de Matching mécht a seet 'ech kennen deen do Betrib, deen do Demandeur d'emploi géif elo dohinner passen'. Dat ass dat, wat d'ADEM haut fäerdeg bréngt a wat se an Zukunft nach méi muss fäerdeg bréngen, fir ze soen, 'ech hunn hei e Kandidat an dee passt an dee Betrib'."
Grad an engem onséchere wirtschaftleche Kontext ass d'Zesummenaarbecht tëschent der ADEM an der UEL wichteg, zemools seet de Ressortminister Georges Mischo, well den Aarbechtsmaart sech extrem séier entwéckelt an an enger schwiereger Situatioun ass.
"Mir hunn e Problem, dass mer ronn 18.000 Demandeurs d'emploi hunn, mä déi Offer, déi mer den Ament hu mat oppene Plazen, déi geet erof an dat ass dat, wat mer als Aarbechtsminister am meeschte Suerge mécht. Dat heescht, déi Schéier geet op a se geet den Ament net richteg zou. Am Summer 22 louchen déi zwou Zuelen openeen. Dat heescht net, datt alleguer déi Offeren, déi do waren 1:1 gepasst hunn, mä se waren awer do."
Aktuell ginn et just 7.000 Plazen, fir déi 18.000 Leit, déi eng Aarbecht sichen an awer gëtt et a ville Secteuren eng Penurie, zum Beispill am Spidolswiesen. D'Personalcheffin vun den Hôpitaux Robert Schuman, d'Karine Rollot, weess wéi schwiereg et ass, Leit ze fannen. "Déi jonk Generatioun wëll keen Trajet vu 4 Stonne méi tëschent Lëtzebuerg a Metz hunn. Déi Problematik kënnt nach bei d'Schwieregkeeten dobäi, fir Leit ze fannen. Dat heescht, mir hunn den Transport, d'Liewensqualitéit, mir brauchen déi néideg Qualifikatiounen an dat féiert dozou, datt dee ganze Rekrutementsprozess komplex ass."
D'Hôpitaux Robert Schuman gehéieren zu deenen 10 éischte Betriber, déi eng bilateral Konventioun mat der ADEM fir den aktuelle Programm ënnerschriwwen hunn. Si kruten den neie Label "Entreprise, partenaire pour l'emploi", dee fir berufflech Insertioun a gesellschaftlech Verantwortung steet.

© Dany Rasqué