Siwen Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten um Dënschdeg a Mëttwoch

D'Rettungsekippe vum CGDIS hu vun en Dënschdegnomëtteg bis e Mëttwoch de Moien fënnefmol op eise Stroosse mussen ausrécken.
Um 17.35 Auer war et en accidentéierten Auto op der Route de Bigonville tëschent Rombech a Marteleng, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Réidener a Rammerecher Secouriste waren am Asaz.
Kuerz virun Hallefnuecht war et en Accident op der RN12 tëschent Kielen an dem Quatre-Vents. Hei war e Chauffer géint e Bam gerannt a gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vu Kielen, Mamer an der Stad.
Weider Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte gouf et dann am Laf vun e Mëttwochmoien:
Um 6.44 koum et op der A7 bei der Sortie fir op de Kierchbierg zu engem Accident mat engem Camion an dräi Autoen, bei deem d'Secouristen aus der Stad, Jonglënster an Nidderaanwen am Asaz waren. Kuerz virun 8 Auer ass e Bus géint en Auto zu Esch an der Rue Jean-Pierre Michels gerannt. Um 9.15 Auer war en Automobilist dunn um CR178 tëschent Riedgen an Zéisseng bäigaangen.
Zu Esch waren d'Escher Rettungsekippen am Asaz, um CR178 déi aus der Stad.
Da mellt de CGDIS nach zwee Tëschefall aus dem Laf vum Mëttwoch. Tëschent Leideleng an der Cloche d'Or si géint 10.55 Auer de Moien en Auto an e Camion kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt. Zu Rodange an der Rue de la Gendarmerie gouf géint 13.50 Auer eng Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert.