LSAP-Wënsch fir Steierreform
Eng fair Reform, geleet vu sozialer Gerechtegkeet a budgetärer Responsabilitéit
© AFP
De rezent vun der Regierung virgestallte Projet zu enger Individualiséierung vun de Steierklasse wier e Schratt an déi richteg Richtung.
Esou heescht et um Freideg de Moien an engem Schreiwes vun der LSAP-Fraktioun, an deem awer och Propositioune gemaach ginn. Eleng d’Individualiséierung géif nämlech net duergoen.
Beispillsweis sollt de Steierbarème esou ajustéiert ginn, dass e méi gerecht ass, mat méi enger moderater Progressioun bei niddregen an däitlech méi staarken Haussë bei héijem Akommes.
D’Kapital-Besteierung sollt ugepasst, a Familljen duerch geziilt Zoulagen a Steierkreditter ënnerstëtzt ginn.
Am meeschte gelies