Als éischt muss awer emol eng Faisabilitéitsetude gemaach ginn, fir ze kucken, ob de 36 Hektar-Site sech eegent.

Neie Wunnraum zu Jonglënster / Diana Hoffmann

D’Silhouette vu Jonglënster definéiert sech duerch déi dräi Sendemasten, déi iwwer 180 Meter an den Himmel reechen. Ma dës wäerten ewech kommen, well de komplette Site soll nei amenagéiert ginn. Dëst, nodeems de gréisste Proprietär vun den Terrainen Clt-Ufa, d’Mammefirma vun RTL, annoncéiert huet, kee Besoin méi fir de Site ze hunn.

Op 36 Hektar Terrain vu 7 Proprietäre gesäit d’Gemeng zesumme mam Ministère de Logement vir, en urbanistescht Konzept auszeschaffen, fir de Site um Lënster Bierg, deen den Numm "um Bichel" soll kréien.

Am Gemengerot gouf e Freideg de Moien zu Jonglënster dofir unanime eng Konventioun ugeholl, déi éischt Schrëtter aleet. De Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries huet awer präziséiert, dass fir d’éischt elo emol misste Faisabilitéitsetudë gemaach ginn. Et wier nämlech nach net sécher, ob de Site sech iwwerhaapt géing eegenen, well en uewen op der Kopp läit a vill Schiflag hätt. 
 
D’Reussite vum Projet géing un dräi Schlësselpunkten hänken

Et misst ee sécher sinn, dass d’Waasser an Ofwaasserregulatioun kéint gereegelt ginn, esou de Buergermeeschter. Sou dass et net zu Héichwaasserproblematik an an ëm d’Gemeng kéim. Den zweete Punkt wier d’Reegelung vum Kaméidi a Verkéier. Den Drëtte wier dann dee vun den ëffentlechen Infrastrukturen. Méi Bierger bräichte schliisslech méi Schoulen, Maison Relaisen, Sportinfrastrukturen, an esou weider. Dass dat fréiert technescht Gebai vun der Anlag vu Clt-Ufa, sou wéi dräi Killweier klasséiert sinn, géing fir de Projet keng gréisser Roll spillen, huet de Ben Ries erkläert. Noutfalls misst ee kucken, dat ganzt z’integréieren. Clt-Ufa huet awer schonn annoncéiert, géint en Urteel vum Verwaltungsgeriicht an Appell ze goen, fir kënnen dës Infrastrukturen ofzerappen. Déi dräi Sendemasten an dräi Duebelwunnhaiser um Site géingen dogéint héchstwarscheinlech fort kommen, well se net klasséiert sinn. 
 
Et misst ee sech awer och gutt iwwerleeën, wéi de Site entwéckelt gëtt. "Mir kënnen net ufänken uewen e Satellit ze bauen, ouni Verbindung zum Duerfkär", huet de Ben Ries betount. Am Cahier de Charge missten natierlech och déi verschidden Zonen definéiert ginn. Also zum Beispill Eko-, Kommerziell- a Wunnzonen. Doriwwer eraus soll och net de ganze Site mateneen developpéiert ginn, mee no an no. 
 
Falls d’Faisabilitéitsetude elo positiv Resultater huet, gëtt en Appell à candidature an ënnerschiddleche Beräicher gemaach, fir e Masterplang auszeschaffen. Awer och d’Bierger solle bei diverse Consultatioune mat abezu ginn, wéi dat an der Konventioun virgesinn ass. De Buergermeeschter huet betount, dass de gesamte Projet, falls en zustane kënnt, awer net fir haut oder muer wier, ma et kéint bis 2030 daueren, bis de Masterplang emol steet. Eréischt dono gëtt de PAG ugepasst an de PAP an dësen integréiert.
 
A wann alles klappt, kéint um Lënster Bierg Wunnraum fir Dausende Leit entstoen.