Mam aktuelle Stock u Bluttkonserve géingen d’Spideeler knapp eng Woch auskommen, warnt d'Croix rouge.

D’Bluttreserven am Grand-Duché sinn nees knapp. Dofir huet d’Croix rouge virun e puer Deeg nees den Appell lancéiert, datt d’Leit solle spende kommen. Mam aktuelle Stock u Bluttkonserve géingen d’Spideeler knapp eng Woch auskommen. An de leschte Wochen hätte manner Leit Blutt gespent, erkläert d’Dr. Andrée Heinricy vum Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz.

Grënn dofir ginn et der e puer. Et war Schoulvakanz an et ass Grippenzäit. No enger Erkältung soll een op d’mannst zwou Woche waarden, bis een nees Blutt spent, erkläert d’Doktesch. Bei enger Gripp esouguer ee Mount. Et wier elo wichteg d’Bluttreserven ze fëllen, fir gutt iwwer d’Feierdeeg ze kommen.

E Mëttwoch huet den LSAP-Oppositiounsdeputéierten a fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo iwwerdeems an der parlamentarescher Aarbechtskommissioun ee Gesetzesprojet presentéiert, fir ee spezielle Congé am Privatsecteur vu véier Stonne fir Blutt spenden ze goen. D’CSV-DP Regierung gesäit aktuell kee Congé am Privatsecteur fir d'Bluttspend vir. Esou eng Fräistellung kéint awer iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo, deen hofft, datt méi Patronen op dee Wee ginn.
 
Jiddereen dee kann, ass opgeruff, Blutt oder och Plasma ze spenden. Fir dat kënnen ze maachen, muss een op d’mannst 18 Joer al sinn, iwwer 50 Kilo weien an natierlech gesond sinn. Weider Informatioune ginn et um entspriechenden Internetsite.