Et kënnt keng Hausse vum Mindestloun, ausser den Index an den Ajustement. D’Gewerkschafte wëllen dat net acceptéieren an hu Protestaktiounen annoncéiert. Iwwer alles dat schwätze mer de Moie mat der OGBL-Presidentin Nora Back a mam CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz.
Wat bedeit dat fir de Sozialdialog?
Wéi geet et elo weider?
D’Nora Back an de Marc Spautz sinn tëscht 8 an hallwer 9 live bei eis am Studio fir e Face-à-face.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.