
De Chomâge läit aktuell bei 6,3 Prozent. Dëst ass eng Hausse vun 8,1 Prozent am Verglach mam Februar aus dem viregte Joer. Och wann de Chômage an d’Luucht gaangen ass, esou ginn et nach ëmmer Beruffer bei deenen et u Kandidate feelt.
D’ADEM huet wéi all Joer eng Lëscht mat deene Beruffsprofiller erausginn, fir déi et u Kandidate feelt. Dës sinn am Ganzen 20 verschidden där Profiller: Gesicht ginn ënnert anerem Finanzanalysten, IT-Experten, Assistants Sociaux, Educateuren, Infirmièren an och juristesch Beroder am Verdeedegungsberäich. Nei op der Lëscht vertruede sinn dëst Joer virun allem Beruffer an der Industrie: Dorënner Ingenieuren an Techniker fir d’Installatioun an d’Maintenance vun industriellen Anlagen. Am Bau gi virun allem Daachdecker gesicht.
Net méi op der Lëscht vertruede si Comptabelen oder och Fliger-Mechaniker. D’ADEM preziséiert awer, datt och, wann déi Beruffer net méi op der Lëscht stinn, et weiderhin an dëse Beräicher ee Besoin gëtt. Iwwerdeems gëllt fir d’Beruffsgruppen, déi op der Lëscht vun den Métiers très en pénurie stinn, aner Reegele fir d’Astelle vu Personal aus Drëttstaaten. Hei kënnen d’Betriber vu méi einfachen a séiere Prozedure profitéieren.