Meteolux huet fir e Mëttwoch am ganze Land eng Alerte jaune wéinst Schnéi erausginn.

Wéi de nationale Wiederdéngscht mellt, kënnen e Mëttwoch bis zu 5 cm Schnéi falen. Besonnesch méi héich geleeë Plaze vun 300m u wäerte betraff sinn, sou Meteolux.

D'Alerte jaune ass en place vun 3 bis 16 Auer.