Tango: Hacker koumen u vertraulech Date vu Clienten

Wéi Tango um Mëttwochmoie bestätegt huet, gouf et eng kleng Sécherheetslück am Datentraitement. En Hacker hat de Problem fonnt a Bescheed gesot.
En Informant, deen wëll anonym bleiwen huet sech per E-mail beim Chaos Computer Club (CCC) gemellt an hinnen matgedeelt, datt et um Internetsite vun Tango mat der Online-Fakturatioun e Sécherheetsproblem géing ginn. Et wier méiglech fir sech d'Rechnungen an d'Gespréichsdaten vun den Clienten unzekucken. D'Memberen vun dësem Club hunn sech dorops hin der Saach ugeholl.
An der Tëschenzäit huet Tango den concernéierten Fakturatiounssystem bis Enn der Woch vum Netz geholl fir d'Sécherheetslück ze schléissen. Den Ament kéint kee méi un di sensibel Daten erun, präziséiert den Operateur.
Den Chaos Computerclub zielt knapp 30 Memberen an huet sech ënnert anerem d'Ziel gesat fir am Internet oder a Computerprogrammen Sécherheetslücken ze fannen an dat dann den Entreprisen ze mellen.
Ereicht am Summer d'lescht Joer hat den Chaos Computer Club drop opmierksaam gemaach, datt d'Biometrech Päss vun der éischter Generatioun net sécher wieren. Kriminelle wier et zum Beispill méiglech, fir di am Pass gespäichert Daten auszeliesen an ze kopéieren.
Tango
Um Mëttwochmoien huet Tango reagéiert a preziséiert, et wieren Donnéeë vu manner wéi 10 Cliente public ginn. De Grond wier en neien Online-Facturatiounssytem, am Jargon "Web-Billing" genannt. An dësen neien Tool hätt ee Problem gehat:
"Cette récente mise à jour a engendré une certaine vulnérabilité de sécurité portant atteinte à moins de 10 clients."
Tango huet RTL och confirméiert, dat Hacker bei 5 Clienten un esou Daten erukoumen, déi betraffe Leit goufen och informéiert a Sécherheetsproblemer, déi duerch eng mise ä jour vun engem Programm entstane wieren, goufe geléist.
Fir ze verhënneren, datt ee vu baussen un nach méi vetraulech Date ka kommen, hätt een direkt reagéiert an d'Sécherheet vum System renforcéiert. Den neie "Web-Billing" wier dann och vum Netz geholl ginn a soll och bis Enn der Woch offline bleiwen, fir d'Sécherheet ze verbesseren.
De Moment wier et dofir och onméigelech, u vertraulech Donnéeën ze kommen: "A l’heure actuelle, il n'y a aucune possibilité de violation de données, ni de risque de fuite d'information."
Tango schreift an hirem Communiqué weider, datt si rechtlech Schrëtt géint déi aleeden, déi u vertraulech Clientsdate komme wollten.