Wéinst Déieren op der StroossA1 war a béide Richtungen tëscht Gaasperecher Kräiz an Tunnel Houwald gespaart

RTL Lëtzebuerg
Well Déieren op der Strooss waren, gouf et op der A1 gréisser Perturbatiounen am Trafic.
© RTL Mobile Reporter

An enger éischter Phas war just den Tunnel gespaart, duerno gouf d’A1 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Tunnel Houwald a béid Richtunge gespaart. De Verkéier gouf iwwer d’Rocade de Bonnevoie/B3, d’Penetrante Süd an d’Polvermillen/N2 geleet.

Kuerz virun 12 Auer war et d’Meldung, dass d’Spärung opgehuewe wier, an de Stau sech lues a lues géif opléisen.

Back to Top
CIM LOGO