Strooss nees geraumtA4 war no Accident mat dräi Autoen an engem Camion komplett gespaart

RTL Lëtzebuerg
Duerch den Accident op der Héicht vum Rond-point Raemerich huet et en Dënschdeg de Mëtteg nawell ferm gestaut.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 13:30 Auer hat duerch een Accident um Ufank vun der A4 a Richtung Stad d’Autobunn komplett misste gespaart ginn. Et hat sech ee laange Stau entwéckelt. 2 Persoune goufe blesséiert.

Zu Hollerech krute sech an der Mëttesstonn 2 Gefierer ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Um CR115 tëscht Schrondweiler a Steeën sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et géint 16.13 Auer op der Areler Autobunn tëscht Helfent an dem Zéissenger Kräiz.

Back to Top
CIM LOGO