
D'Corona-Pandemie hat en Impakt op déi Leit, déi vum Geriicht hier zu enger Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet condamnéiert goufen. Wéi d'Justizministesch Sam Tanson an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP äntwert, ass d'Zuel vun de Persounen, déi eng Aarbecht fir d'Allgemengheet maache mussen, zanter 2016 konstant eropgaangen. Mat Ausnam vun zejoert, wou corona-bedéngt vill Haiser den Accès fir Externer limitéiert hunn.
Zueleméisseg haten 2016 am Ganzen 118 Persounen an hirem Casier eng Aschreiwung fir sougenannten "TIG" ("travaux d'intérêt général). Déi Zuel ass bis 2019 op 182 eropgaangen an d'lescht Joer nees op 148 gefall.
A Fro komme Leit, déi zu manner wéi 6 Méint Prisong verurteelt goufen. D'Aarbechten, déi net bezuelt ginn, kënnen an ëffentlechen Haiser, établissements publics, Associatiounen oder Spidolsinstitutiounen duerchgefouert ginn. D'Ministesch nennt zum Beispill d'Caritas, d'Rout Kräiz, Altersheemer, d'Scouten oder och Gemengen. Donieft geréiert och de Service SCAS vum Parquet en eegenen Atelier. Déi aktuell Offer geet an den Ae vun der grénger Ministesch duer.