
Dofir leeft d’Aarbecht an de Kommissioune weider, wou ee sech an enger dovu selwer nei Reegele wäert ginn. D’Fuerderung no méi Transparenz um Krautmaart gëtt et jo scho méi laang an elo sollen Neel mat Käpp gemaach ginn.
Vu Mëtt Abrëll u ginn nämlech verschidde Chamberkommissioune Live gestreamt, déi bis ewell ëmmer a huit-clos waren.
An enger Testphas ginn der awer lo emol fënnef iwwerdroen: Déi vun der Landwirtschaft, dem Logement, der Educatioun, de Medien an der Ëmwelt.
Dernieft sollen d’Zäite vun de Rieden an der Plenière iwwerschafft a generell gekierzt ginn, fir d’Debatte méi attraktiv ze maachen. Dat huet d’Presidentekonferenz esou scho festgehalen. Als Beispill verkierzt sech déi komplett Dauer vun enger Debatt am Modell 1, deen zimmlech geleefeg ass, elo ëm bal eng Stonn.
Béides ass e Mëttwoch de Moien an der Kommissioun fir d’Reglementer e Sujet.