
Den Accident war um Schantje vum zukünftege Parking. Eng Persoun ass hei ënnert ee Bagger geroden an am Radkëscht ageklemmt ginn. De Mann huet misste mam Rettungshelikopter an d'Spidol transportéiert ginn. Hien ass net a Liewensgefor.
Weider Detailer ginn et den Ament nach keng.