De sozialisteschen Aarbechtsminister Georges Engel huet zejoert eng Etüd zum Thema an Optrag ginn. E krut awer dofir vum Premier Xavier Bettel am RTL-Neijoerschinterview eng Rout Kaart. Wat seet d’Patronat zur Diskussioun?
Wee soll dat bezuelen, wou sollen déi zousätzlech Mataarbechter hierkommen? Dat freet de President vun der UEL. Hien ënnerstellt dem Aarbechtsminister elektorale Populismus.
Et wier “totalement à côté de la plaque”, fir an Zäite vu multiple Krisen iwwer eng Aarbechtszäitreduktioun ze diskutéieren, fënnt de Michel Reckinger, President vun der UEL. “Sinn d’Leit bereet, 10% manner ze verdéngen, well mer vu 40 op 36 Stonnen erofginn? Sollen d’Betriber vun engem Dag op den aneren d’Paien ëm 10% erhéijen? Oder soll de Staat Kompensatioune bezuele mat engem Staatsdefizit, deen haut schonn enorm ass?”
Géif d’Aarbechtszäit ëm 10% verkierzt ginn, bräicht een 10% zousätzlech Mataarbechter. 50.000 Leit méi, déi op de Stroossen ënnerwee wieren, Wunnenge bräichten. Dat an Zäiten, wou et souwisou schonn u qualifizéierte Leit um Aarbechtsmaart feele géif.
Den Aarbechtsminister Georges Engel géif “elektorale Populismus” bedreiwen, esou de Virworf vum President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises.
“De Minister mécht hei eng Show virun de Walen, hie wëll de schéine Männche maachen op der Place publique. Hie wëll sengem Walvollek, de Sozialisten an de Gewerkschafte gefalen. An dat an engem Amt als Minister, dat fannen ech net an der Rei.”
D’Flexibiliséierung vun der der Aarbechtszäit, dat wier de Schlëssel, fir d’Privat- an Aarbechtsliewen besser ënner een Hutt ze bréngen. Dorunner géif souwuel den Employé, wéi och de Patron gewannen. D’gesetzlech Reegele wieren haut nach ze strikt. An och 2 Deeg Télétravail pro Woch, dat wieren Themen, wou d’Regierung an den nächste Méint nach dru schaffe sollt, fënnt den UEL-President Michel Reckinger.