Nodeems am spéide Fréijoer d’Nouvelle koum, datt d’Cobolux zu Wecker géif hire Schluechtbetrib stoppen, gouf gefaart, et kéint knapp gi mat de Kapazitéiten. Eng Angscht, déi sech mat bësse Recul awer als onbegrënnt erausstellt. Ettelbréck hat an huet nach Sputt.
Ranner ginn den Ament bis zu 580 Stéck d’Woch do geschluecht. D’Kapazitéite leie bei 600, kënne kuerzfristeg - zum Beispill fir Chrëschtdag - awer och bis op 700 eropgesat ginn.
Schluechten ass also am Prinzip kee Problem. Méi schwiereg ass et fir d’Béischte kal ze halen, ier se verschafft ginn. Den Direkter vum Ettelbrécker Schluechthaus, de Marc Weber:
“Dofir si Projeten, déi mussen ëmgesat ginn, fir ze moderniséieren an ze vergréisseren. Et goufe schonn éischt Kontakter, mä do muss d’Politik dann awer och matzéien, fir do den néidegen Appui ze ginn, fir datt mer dat och kënnen an Zukunft maachen. Dat ass eppes dat net vun haut op muer geet, et brauch ëmmer bëssen Zäit fir esou e Schluechthaus ze vergréisseren.”
Däitlech méi Plaz ass zu Ettelbréck nach, fir Schwäin ze schluechten. Bis zu 3.000 Stéck d’Woch wiere méiglech, aktuell läit ee bei 2.000.

Déi Ziichter, déi hir Schwäi soss op Wecker gefouert hunn, loossen elo zu Wittlich an Däitschland schluechten. Dat sinn eng 300 bis 400 Déieren d’Woch. Schued, fannen se zu Ettelbréck. Do muss een Déieren aus dem Ausland importéieren, fir genuch Schwéngefleesch ze hunn.
Cochy, de Verband vun de Schwéngsziichter, ass awer souwäit zefridde mat der Léisung, déi een op där anerer Säit vun der Grenz fonnt huet. De President Eric Pesch:
“Cobolux huet eis, deemools wéi se opgehalen hunn, eng kommerziell Léisung proposéiert, wou mer eis präislech och relativ séier eens waren a wou mer präislech kee weidere Verloscht haten. Déi Saach fir op Ettelbréck ze féieren, dat huet sech net sou direkt an de Verhandlungen erginn.”
Ee vun den Nodeeler, dee sech duerch d’Schluechten zu Wittlich ergëtt, ass datt de Label “3 mol L” ewech fält, also zu Lëtzebuerg geziicht, gemäscht a geschluecht. Den Eric Pesch präziséiert awer, datt d’Fleesch trotzdeem nach ëmmer zu Lëtzebuerg verschafft gëtt a sech dofir eigentlech net vill ännert.