PoliceAbréch an der Stad - Täter konnten net ermëttelt ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Partie Abréch, verdeelt um Stater Terrain.
© Police

Sou sinn e Sonndeg zwou bis elo onbekannten Täterinnen an eng Wunneng an en Appartementshaus an der Rue Henri VII um Lampertsbierg agebrach an hunn do eng Partie Kleeder matgoe gelooss. Si konnte sech duerch d’Bascht maachen, obwuel nach no hinne gesicht gouf.

E Samschdeg am Nomëtteg gouf en Abroch an der Rue Glesener op der Stater Gare gemellt. Duerch de Keller hate sech d’Täter Zougang verschaaft. Ob eppes geklaut gouf, geet net aus dem Police-Bulletin ervir.

E Méindeg an de fréie Moiesstonne gouf dann en Abroch an e Baucontainer an der Rue Henri Vannerus zu Bouneweg festgestallt. Hei gouf en Handy geklaut.

https://police.public.lu/fr/prevention/cambriolages.html

Back to Top
CIM LOGO