
Och bei engem zweeten Auto gouf d’Fënster ageschloen. Ee Proprietär vun engem vun den Autoen hat seng Alarmanlag nach héieren an et gouf och en Zeien, deen eng verdächteg Persoun vun dënner Statur mat enger Posch gesinn huet.
Déi verdächteg Persoun gëtt op ongeféier 40 Joer geschat, hat eng Jeansbox un an ass a Richtung Stroossbuerger Strooss geflücht.
D’Police konnt de Verdächtegen net pëtzen.
Et gëtt nach iwwerpréift, wat aus den Autoe geklaut gouf.