Opgepasst!Abriecher am Raum Déifferdeng a Briddel op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
D'Police mécht den Appell, keng friem Persounen an deene Géigende mam Auto matzehuelen.

Déifferdeng

Géint 13.15 Auer gouf der Police en Dënschdeg en Abroch an der Rue Pierre Dupong zu Déifferdeng gemellt. De Mann, dee bei sengem Abroch vun engem Awunner iwwerrascht gouf, ass a Richtung Rue de Soleuvre fortgelaf. Beim presuméierten Abriecher handelt et sech ëm e Mann mat donkeler Hautfaarf, ëm déi 20 Joer a vu schlanker Statur. Hien hat eng Jeansbox, en donkelen T-Shirt an donkel Turnschong un an hat eng wäiss Plastikstut bei sech.

D’Police huet direkt ugefaangen nom Mann ze sichen.

Briddel

An der Lëtzebuerger Strooss koum et en Dënschdeg de Moien zu engem versichten Abroch. D’Brigange ware géint 7.50 Auer duerch eng Garagëpaart agebrach. Wéi eng Patrull op der Plaz ukoum, sinn d’Täter an de Bësch fortgelaf, deen un d’Lëtzebuerger Strooss grenzt. Et soll sech ëm 3 Männer handelen.

Police warnt, am Raum Déifferdeng a Briddel keng friem Persoune mam Auto matzehuelen a Verdächteger direkt ze mellen, dat iwwert den 113.

Back to Top
CIM LOGO