
Den Täter hat hannert dem Haus eng Kellerfënster ageschloen, fir eranzekommen. Den Täter, dee geklaut Géigestänn bei sech hat, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet e Mandat d’arrêt géint de Mann ausgestallt.
Am Kader vun der Sich nom Abriecher huet eng aner Patrull op der Gare zu Wëlwerwolz zwou weider verdächteg Persounen, e Mann an eng Fra, ugetraff. Géint si gouf Plainte gemaach an eng Enquête lancéiert.